Pakarana

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pakarana
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Knabberdéieren
Ënneruerdnung: Stachelschwäindéieren
Famill: Dinomyidae
Gattung: Dinomys
Aart: Pakarana
Wëssenschaftlechen Numm
Dinomys branickii
Peters 1873


Pakarana (Dinomys branickii) ass eng grouss Knabberdéierenaart, an déi eenzeg an der Famill vun den Dinomyidae. Vum Gewicht hier ass et dat drëttschwéierst Knabberdéier op der Welt, et ka bis 15 Kilo schwéier ginn.

Den Numm bedeit an der Sprooch vun den Tupi-Indianer „Falsch Paka“ a spillt op d'Ähnlechkeete mat de Pakas (Cuniculus) un.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Pakaranas liewen an de Bëscher am nërdleche Südamerika, op den Ausleefer vun den Anden. Hiert Verbreedungsgebitt geet vu Kolumbien a Venezuela bis Peru a Bolivien.

Commons: Dinomys – Biller, Videoen oder Audiodateien