Palomar-Leiden-Survey

Vu Wikipedia

De Palomar-Leiden-Survey (kuerz och PLS) ass eng grouss ugeluecht Himmelsduerchmusterung, déi vun 1960 bis 1977 fir eng geziilt Sich no Klengplanéite gemaach gouf. „Palomar-Leiden“ ass eng Erweiderung vum McDonald Asteroid Survey (MDS) vum Gerard Peter Kuiper 1952, a mam Palomar Observatory Sky Survey ze vergläichen, reecht awer mat 20,5 mag net ganz un deem seng Grenzgréisst erun.

Intitiateure vum Projekt ware virun allem de Kuiper, de Paul Herget, de Tom Gehrels souwéi de Cornelis Johannes van Houten a seng Fra d'Ingrid van Houten-Groeneveld. De Survey war - wéi och déi dräi Trojan Surveyen - d'Basis fir Ënnersich vun de statisteschen an dynameschen Eegenschafte vun der Asteroidenhaaptceinture tëscht den Ëmlafbunne vum Mars a Jupiter.

Fir de Palomar-Leiden Survey goufe vun 1960 un, am Ganzen 100 Feldplacken (Plackeformat 35,6 × 35,6 cm, nëmmen 1 mm déck) mam grousse Schmidt-Teleskop um Palomar-Observatoire opgeholl. Zu den 100 Feldplacken koumen nach 30 Eenzelplacke vun Äichfelder fir d'Fotometrie vun de Feldplacken. Beliichtungszäit war ongeféier 10 Minutten (fir bloempfindlech Fotoplacken) a 40 Minutten (Gielplacken), de fotograféierten Himmelsausschnëtt ass 6.5 x 6.5 Grad grouss. Déi iwwerdeckt Himmelsfläch vum PLS war 12 × 18 Grad a war an 8 eenzel Felder vu 6.5° opgedeelt.

Wéinst der Gréisst vum Survey-Projet gouf en op dräi Instituter opgedeelt: de Lunar and Planetary Laboratory zu Tucson, de Cincinnati Observatory (deemools Sëtz vum Minor Planet Center), an den Observatoire Leiden an Holland. De Lunar and Planetary Laboratory (Gehrels) war zoustänneg fir d'Fotoen, Leiden (I. van Houten-Groeneveld an C.J. van Houten) fir d'Vermiessung vun de Placke an de Cincinnati Observatory (Herget) fir d'Berechnung vun de Bunneparametere vun den net entdeckten Asteroiden.

Op de Palomar-Leiden-Placke goufen iwwer 2.000 nei Asteroiden entdeckt, von deene 14.000 Positiounen a 7.500 vun Referenzstäre gemooss goufen. Bis haut gëtt „Palomar-Leiden“ fir d'Bunnbestëmmung vun Asteroide benotzt.

Zanter Fréijoer 2005 kooperéiert d'Astronomescht Recheninstitut (ARI) zu Heidelberg ënner der Projetsleedung vum Lutz D. Schmadel mat dem Äerdvermiessungs-Institut vun der TU Hannover fir d'Archivéierung an d'Digitaliséierung vum Palomar-Leiden Survey an den Trojan-Surveys, déi sengerzäit fir änlech Zwecker gemaach gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]