Palomar-Observatoire

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 33° 21’ 23’’ N 116° 51’ 53’’ W
Eugene an d'Carolyn Shoemaker um 18 Zoll (46 cm) Schmidt- Teleskop
De 5-Meter-Spigel um Mount Palomar

De Palomar-Observatoire ass en Observatoire, dee virun allem duerch säi 5-Meter-Spigelteleskop, dem Hale-Teleskop, bekannt ass. E steet op der Spëtzt vum 1.706 Meter héije Palomar Mountain zirka 80 Kilometer nordëstlech vu San Diego a Kalifornien. Haut gehéiert den Observatoire zum Caltech, dem California Institute of Technology.

Nieft dem Hale-Teleskop an dem Oschin-Schmidt-Teleskop huet d'Palomar-Observatoire och nach e weidere Spigelteleskop mat engem Haaptspigel vun 1,5 Meter Duerchmiesser, souwéi e Schmidt-Teleskop mat enger Ëffnung vu 46 cm.

De Bierg Palomar Mountain gëtt am europäesche Sproochgebrauch dacks als Mount Palomar bezeechent.

Hale-Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

De gréissten Teleskop vum Palomar-Observatoire ass den Hale-Teleskop, dee vun 1947 bis 1975 de gréissten Teleskop vun der Welt war. En huet en Haaptspigel mat engem Duerchmiesser vu 5,08 Meter (200 Zoll) a krut säin Numm zu Éiere vum George Ellery Hale.

De Bau vum Teleskop huet iwwer 15 Joer gedauert. Fir den Transport vum 20 Tonne schwéieren 5-Meter-Spigel - deen elleng fir e virsiichtegt Ofkillen nom Géissen aacht Méint gebraucht huet – gouf en eegent Gefier plus Strooss gebaut. D'Gehäis vum Sekundärspigel ass sou grouss, datt fir speziell Aarbechten beim Miessen a Justéieren den Astronom dra sëtze kann. Den alles am allem iwwer 400 Tonne schwéieren Teleskop ass an enger 1.000 Tonne schwéierer Kuppel vun 41 m Duerchmiesser ënnerbruecht.

De Rang als gréisst Teleskop weltwäit huet Mount Palomar no 30 Joer un de 6-Meter-Teleskop „BTA-6“ vum Selentschuk-Observatoire am Kaukasus verluer.

Oschin-Schmidt-Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

Op dem Palomar-Observatoire ass och de berühmten Oschin-Schmidt-Teleskop (och Big-Schmidt genannt) mat 120 cm Ëffnung an 180 cm Spigelduerchmiesser, d'Siichtfeld huet 36 deg². Mat dësem Schmidt-Teleskop gouf an den 1950er de Palomar Observatory Sky Survey fotograféiert. Hien ass bis haut eng éischtklasseg Quell fir Galaxien, déi wäit ewech sinn. Och neientdeckten Asteroide ginn dacks op archivéierte Fotoplacke vum Oschin-Schmidt-Teleskop fonnt, déi Joren oder Joerzéngte méi fréi opgeholl gi waren.

Am Joer 2003 gouf d'Oschin-Schmidt-Teleskop mat der sougenannter QUEST-Kamera, enger aus 112 CCD-Chips zesummegesatener Kamera mat 161 Megapixel, ausstafféiert. Mat dësem Instrument gouf ënner anerem den Zwergplanéit Eris entdeckt.

Palomar-Testbed-Interferometer[änneren | Quelltext änneren]

De Palomar-Testbed-Interferometer op der Knupp vun der Palomar Mountain, an der Noperschaft vum wäissen Doum mam 200" Hale-Teleskop.

Den Palomar Testbed Interferometer ass en astronomeschen Interferometer fir d'Observatioun am noen infraroudem Spektralberäich. Hien déngt als Versuchsanlag fir d'Entwécklung vun interferometresche Observatiounstechniken, déi spéider am Keck-Observatoire agesat solle ginn. Éischt Ënnersich hunn 1995 ugefaangen, de volle wëssenschaftleche Betrib ass 1998 gestart ginn. Ënnersicht goufen ë. a. héichprezis Astrometrie souwéi Mass-, Form- an Duerchmiesserbestëmmung vu Stären. Beispillsweis ass et gelongen ze weisen, datt de Stär Altair duerch seng héich Rotatiounsrat un de Polen ofgeflaacht ass.

Déi héich Prezisioun gouf duerch en Dual-Star-System erreecht, mat deem d'Observatioun vun zwéi Stäre méiglech ass. Domat geléngt et, atmosphäresch Aflëss, d'Seeing, z'eliminéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Preston, Richard: Das erste Licht Auf der Suche nach der Unendlichkeit ISBN 3-426-27011-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Palomar Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie