Palomar Observatory Sky Survey

Vu Wikipedia

De Palomar Observatory Sky Survey (POSS) war an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert déi wichtegst fotografesch Duerchmusterung vum nërdlechen an equatorialen Himmel.

Den éischte Palomar Observatory Sky Survey gouf mat Ënnerstëtzung vun der National Geographic Society zanter 1948 vum California Institute of Technology gemaach an 1958 ofgeschloss. Fotoinstrument war de grousse Schmidt-Teleskop („Big Schmidt“, Haaptspigel 180 cm, fräi Apertur 120 cm, Brennwäit 300 cm) um Palomar-Observatoire. De Survey reecht och iwwer grouss Deeler vum Südstärenhimmel a weist all Stären a Galaxië bis zu der 22. Gréissteklass.

Déi eenzel Fotoplacken decke jee ongeféier 6° × 6° um Himmel of. All Gebitt gouf zweemol observéiert, eemol mat enger bloempfindlecher Kodak 103a-O-Fotoplack an eemol mat enger routempfindlecher Kodak 103a-E-Plack. Doduerch krut de POSS och Informatiounen iwwer d'Faarf vum observéierten Himmelsobjet. D'Empfindlechkeet hänkt vun de Fotobedéngunge vun den eenzele Placken of, am Bloe gouf ongeféier déi 22. Gréissteklass erreecht. Déi ursprénglech POSS-Duerchmusterung hat d'Gebitt vum nërdlechen Himmelspol bis zu enger Deklinatioun vu −33° ëmfaasst. A spéidere Jore gouf de POSS duerch eng südlech Ergänzung op 100 routempfindlech Fotoplacken, déi sougenannt Whiteoak-Extensioun, bis zu enger Deklinatioun vu −45° vergréissert. Duerch d'SERC / ESO Duerchmusterung fir de Südhimmel, dem ESO/SERC Southern Sky Survey (Ofdeckung vu −20° bis zum Himmelssüdpol), gouf spéider de ganzen Himmel ofgedeckt.

Den éischte POSS ëmfaasst 936 Plackepuerer an ass nach haut duerch seng vollstänneg Himmelsofdeckung vu grousser Bedeitung. Eréischt an Deelberäicher gouf et mam Sloan Digital Sky Survey eng wiesentlech besser Himmelsduerchmusterung. De POSS ass d'Quell fir vill Kataloge vu verschiddenen astronomeschen Objetklassen a war dacks Ausgangspunkt fir detailléiert Ënnersich vun eenzelen Objeten.

A villen Observatoire ware Pabeierkopie vum POSS e wichtegt Aarbechtsmëttel, op eenzele Plazen och méi genee Kopien op Glasplacken. Zanter 1994 ass och eng digitaliséiert Versioun (Digitized Sky Survey) ze kréien, déi iwwer verschidden Datenzenteren am Web zougänglech ass. Hie liwwert nach ëmmer eng wichteg Basis fir astronomesch Analysen an Entdeckungen – z.  B. Stellarstatistik, Pre- a Postnovaen, verännerlech Stären, weider fir d'Bunnbestëmmung vun Asteroiden a Koméiten a fir d'Erfuerschung vun de Galaxiëkéip.

Zanter den 1980er Jore gouf mat instrumentelle Verbesserungen a bessere fotografesche Placke en zweete Palomar Observatory Sky Survey (POSS II) gemaach. Am Kader vum POSS II goufen d'Himmelsfelder net nëmmen op bloempfindlech (Kodak IIIaJ) a routempfindleche (Kodak IIIaF) Fotoplacken, mä och am noen Infrarout (Kodak IVN) opgeholl. Déi Duerchmusterung ass net nëmmen duerch hir besser Donnéeen, mä och a Kombinatioun mat dem éischte POSS fir d'Ënnersich vu Stärebeweegungen a verännerlechen Objete wichteg. De POSS II besteet aus 3 × 897 Placken a konnt am Joer 1999 ofgeschloss ginn. Well sech d'Felder méi staark iwwerlappe wéi beim éischte POSS gouf trotz der héijer Zuel vu Fotoplacken nëmmen den nërdlechen Himmel bis zum Himmelsequator ofgedeckt. D'Lach tëscht POSS-II an dem ESO/SERC Southern Sky Survey gouf duerch d'Atlanten SERC-EJ (bloempfindlech Placken) an SERC-ER (routempfindlech Placken) am Deklinatiounsberäich tëscht 0° an −15° zougemaach.

De POSS-II gouf vun der ESO tëscht 1994 an 2001 op Filmmaterial reproduzéiert a verkaf. Wéinst dem héije Präis ass de POSS-II bei wäitem net sou verbreet wéi den éischte POSS, ass awer an alle bedeitenden Observatoiren an astronomeschen Instituter ze fannen.

Aus den digitaliséierte POSS-Placke vun der éischter an zweeter Generatioun, an der südlecher Ergänzung dozou, goufen am US Naval Observatory dee bis elo gréisste Stärekatalog, den USNO-B, souwéi den Digitized Sky Survey II (DSS-2) zesummegestallt. Béid Wierker verzeechnen d'Positiounen an d'Hellegkeete vun iwwer enger Milliard Stären a Galaxien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]