Pandora

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
"Pandore" vum Jules Joseph Lefebvre

D'Pandora ass déi duerch Uerder vum Zeus vum Hephaistos éischt Fra déi geschaf ginn ass a sech duerch eng grouss Schéinheet ausgezeechent huet a vu ville Gëtter mat ville reizvolle Gawen ausgestatt ginn ass. Si ass vum Hermes op d'Äert bruecht ginn mat enger Béchs déi ausser der Hoffnung all Iwwel vun der Welt sollt enthalen.

D'Pandora sollt d'Mënschheet dofir strofen dat de Prometheus d'Feier vun de Gëtter gestuel huet. Obwuel de Prometheus säi Brudder Epimetheus gewarnt huet, huet hien sech mam Pandora bestuet. Déi huet och d'Béchs dunn opgemaach, wat heescht dat grousst Onheel op d'Mënschen erof komm ass. Nëmmen d'Hoffnung ass an der Béchs zréckbliwwen.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Pandora – Biller, Videoen oder Audiodateien