Pangäa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart vum Pangäa

Pangäa oder Pangaea (griich.: Pan-Gaea - ganz Äerd) war dee leschte globale Superkontinent vun der Äerdgeschicht.

D'Landmass vun der Äerd huet virun 255 Millioune Joer vun engem Pol zum aneren een eenzegen Äerddeel gebilt. De geneeë Verlaf vun der Küst ass allerdéngs net bekannt, genee esou wéineg wéi d'Lag an d'Gréisst vun de Séien an de Bannemierer.

Pangäa, de Superkontinent vun der Urzäit, huet bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger gewalteger Landmass vereent, déi sech vum Nord- bis zum Südpol erstreckt huet. De Panthalassa war den Ozean dee ronderem dëse Kontinent war an de ganze Planéit emspaant hat.

D'Landschaft vum Superkontinent war villfälteg an d'Period vum Pangäa, déi ronn 110 Millioune Joer gedauert huet, war den Iwwergank tëscht zwéin Äerdzäitalter: dem Äerdaltertum an dem Äerdmëttelalter.

Commons: Pangea – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen