Panik

Vu Wikipedia
Leit, déi bei enger Massepanik bei engem japanesche Fligerugrëff a China doutgetrëppelt goufen (1941)

Panik ass en Zoustand vun intensiver Angscht virun enger tatsächlecher oder enger ugehollener Menace. Et ass eng staark Stressreaktioun vum Organismus op eng dacks onerwaart an erschreckend Situatioun a gëtt vu ville vegetativen a kierperleche Symptomer begleet. Dobäi kann et ënner Ëmstänn zu enger Restriktioun vun de méi héije mënschleche Fäegkeete kommen.

Et kann een en Ënnerscheed tëscht enger individueller an enger kollektiver Panik maachen.

Den Term Panik ass vum griicheschen Hierdegott Pan ofgeleet, vun deem et heescht, datt hien an der gréisster Mëttesrou duerch en haart Jäizen op eemol ganz Häerden zu enger stënterlecher a wéi et schéngt sënnloser Masseflucht konnt opjoen. .