Panna cotta
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Panna cotta (ital. "gekachte Ram") ass en norditalieneschen Dessert aus Schmant, Zocker a Gelatine. Dacks gëtt zousätzlech Vanill derbäiginn.
Fir en ze maache gëtt Schmant mat Zocker (an enger Vanillsstaang) virsiichteg erhëtzt a bis zu enger Véirelstonn lues gekacht. Dëser Mass gëtt grad sou vill Gelatine ënnergeréiert, datt d'Crème nom Ofkillen hir Form behält, awer net ze fest ass. Dës Mëschung gëtt a kleng Forme gegoss an nodeems se steif gouf op Dessertsteller gestierzt.
Panna cotta gëtt meeschtens mat Friichtenzosen oder agemaachte Friichten zerwéiert.