Panoramabild

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
270° Hongkong

E Panoramabild, sief et an der Molerei, der Graphik oder an der Fotografie ass eng Vue an der Breet an engem physikalesche Raum.

Ëmgankssproochlech ass domat d'Vue gemengt, déi sech presentéiert bei engem Bléck duerch e Wäitwénkelobjektiv.

Panorame ginn dacks fir d'Ofbildung vun Architektur oder Landschaften erugezunn. D'Erstellung vu Panoramabiller huet, am Laf vun der Zäit, zu verschiddenen Technike gefouert. Vun de Ronnbiller iwwer d'Panoramafotografie an der Digitalfotografie mat Iwwerschaffung um Computer bis hin zu virtuelle Welten, hu sech d'Méiglechkeeten erweidert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Panoramabiller – Biller, Videoen oder Audiodateien
Panorama vu Regensburg an Däitschland.