Pantheismus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pantheistescht Symbol

Ënner Pantheismus (aus dem Algriicheschen πᾶν pān „alles“, an θεός theós „Gott“) versteet een datt de Gott eent ass mam Kosmos an der Natur a sou och am Ënnere vum Mënsch ze fannen ass.

Am Pantheismus existéiert Gott net als Persoun, mä en ass an allem wat op der Äerd besteet. E schléisst de Kosmos, dat Gutt an dat Béist, d'Natur, d'Liewewiesen an all d'Mënschen an.

Et ass kee konkrete Glawen, dee wéi all d'Reliounsgemeinschaften oder Sekte streng Regelen huet a seng Gesetzer a Bicher wéi der Bibel oder dem Koran festhält. Souzesoen ass et e philosophesche Glawen.

De Pantheismus representéiert en tolerante Glawen a géif net déi aner Glawen a Reliounen als falsch bezeechnen, wat dacks de Fall bei deenen anere Reliounen ass. Abstrakt ass dat richtegt Wuert fir de Pantheismus ze beschreiwen, e léisst de Mënschen eng grouss Fräiheet a léisst si d'Weltbild vollstänneg ausmolen. Et ass och keng Glawensgemeinschaft wou een un eppes gebonnen ass, mä nëmmen un dee Gedanken, datt Gott keng Persoun ass, mä datt alles wat existéiert Gott selwer ass.

Geschicht vum Pantheismus[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Pantheismus ass am Zäitalter vun der Opklärung am 18. Joerhonnert entstanen. De britesche Reliounsphilosoph John Toland huet den Numm 1907 als Ausdrock vun senger reliéiser Iwwerzeegung ageféiert.

E Saz dee vun him kënnt: "Et gëtt ausserhalb vun der Matière an och dem Weltgebai kee gëttlecht Wiesen, d. h. d'Gesamtheet vun de Saachen ass deen eenzegen an héchste Gott".

1720 huet hie säi Wierk "Pantheisticon" geschriwwen. Den Numm Pantheismus gouf weiderhi verbreet no der Receptioun vun der Philosophie vum Baruch Spinoza, dee Gott an d'Welt gläichgesat huet.

1785 gouf et e Pantheismussträit, wéi de Friedrich Heinrich Jacobi behaapt huet, de Pantheismus géif mam Atheismus iwwerenee stëmmen. An desem Sträit ware bekannten Opklärer wéi den Immanuel Kant, Gotthold Ephraim Lessing, Moses Mendelssohn an de Johann Gottfried Herder verwéckelt, dei net mat der Gläichsetzung vum Atheismus mam Pantheismus averstane waren.

D'Praktizéiere vum Glawen[änneren | Quelltext änneren]

De Pantheismus huet keng strikt Regelen a Gesetzer déi een anhale muss. Et gëtt awer eng Aart Meditatioun déi een als Bien ugesi kann. A meditativer Aart a Weis versichen d'Unhänger hire Geescht op aner Deeler vum "Ganzen", op Gott ze lenken an ze spiere wéi een en Deel vun eppes onerreechbar Groussem ass. Si probéieren, wéi och an deenen anere Reliounen, Gott hir Ängschten a Wënsch matzedeelen, se geeschteg an d'Bewosstsinn vum Ganzen ze droen.

An eisem Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

Am 20. Joerhonnert ware Perséinlechkeete wéi den Albert Einstein,de Frank Lloyd Wright an den Arnold Toynbee Vertrieder vum Pantheismus.

Am spéiden 20. Joerhonnert huet de Pantheismus sech weider ausgebreet, well en och als Alternativ zum Chrëschtentum an zum Atheismus gegollt huet. Duerch déi global ökologesch Katastrophen, déi ëmmer zouhuelen, huet de Pantheismus u Popularitéit zougeholl. De Mënsch gëtt net iwwer d'Natur gestallt, mä am Idealfall gëtt en als harmoneschen Deel vun der Natur ugesinn, a sou gëtt dann och net op eng Erléisung vun de Problemer duerch e reliéise Glawe gehofft.

Am Ufank vum 21. Joerhonnert huet de Richard Dawkins de Pantheismus als opgepeppten Atheismus bezeechent. Am Januar 2010 huet de Vatikan de Pantheismus kritiséiert, well se sech net als Mënsch iwwer d'Natur stellen, an huet de Pantheiste virgeworf si géifen d'Erléisung an der Natur an net a Gott sichen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pantheismus – Biller, Videoen oder Audiodateien