paperJam

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paperjam)

paperJam ass eng lëtzebuergesch Wirtschafts- a Finanzzäitschrëft, déi vu Maison Moderne erausbruecht gëtt. Si gouf am Juni 2000 vum Mike Koedinger gegrënnt a kënnt eemol am Mount eraus. Hir Artikele sinn haaptsächlech op Franséisch, mä deelweis och op Englesch.

Op senger Internetsäit bitt paperJam och Videoen zu aktuellen Theme wéi zum Beispill en Noriichtejournal an Interviewen un.

De Sëtz vun der Redaktioun ass zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg.

Lieserstatistik[änneren | Quelltext änneren]

Enger TNS ILRES Ëmfro no louch d'Oplo 2011 bei 20.000 Exemplairen an d'Lieserschaft bei 47.000 Leit, dovu 4.700 am franséischen a 4.900 am belsche Grenzgebitt. 80,5 % vun de Lieser hate statistesch gesinn eng héich Kafkraaft an 62,6 % vun hinnen hu studéiert (dovun 32,4 % wéinstens fënnef Joer laang). 40,8 % vun de Lieser haten tëscht 35 an 49 Joer, 29,9 % tëscht 50 a 64 Joer an 17,2 % tëscht 25 a 34 Joer. 82,7 % vun hinne ware berufflech aktiv.[1]

2013 louch d'Lieserschaft bei eppes iwwer 50.000 Leit.[2]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no gouf tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Editioun vum PaperJam vun 48 900 Leit iwwer 15 Joer gelies (10,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. maisonmoderne.lu: Readership analysis (TNSIlres Plurimedia 2011) (gekuckt de 15. Juni 2012); archivéiert
  2. Plurimedia 2013 Analysis: paperJam
  3. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.