Par

Vu Wikipedia

Eng Par (och nach Por genannt, wat awer nach eng aner Bedeitung huet) ass a verschiddene Kierchen de pastorale Wierkungsberäich vun engem Geeschtlechen.

D'Wuert kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen pfarre an dem Alhéichdäitschen pfarra, ass etymologesch awer net gekläert.

A verschiddene Länner ass eng Par eng administrativ Andeelung, déi meeschtens direkt vun der kierchlecher Andeelung ofgeleet ass. An deem Fall schwätzt ee vun enger Ziviller Par.

An enger Par gëtt et ëmmer eng Parkierch. Ausser der Parkierch gëtt et an engen oder aneren Deel vun der Par och nach eng oder méi Filialkierchen oder Kapellen.

Territorial Paren zu Lëtzebuerg bis Mee 2017[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den 274 territoriale Pare gouf et och déi Europäesch Par mat Sëtz an der Kapuzinergaass, déi net geographesch ofgegrenzt war [1]. All Par aus der Äerzdiözes Lëtzebuerg huet zu engem Dekanat, zu enger Pastoralregioun an zu engem Parverband gehéiert.

Meeschtens louch eng Par um Territoire vun enger Gemeng. Et gouf awer e puer Ausnamen:

Territorial Paren zu Lëtzebuerg vum Mee 2017 un[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Mee 2017 goufen all déi 274 al Paren opgeléist a mat 33 méi grousse Paren ersat. D'Opdeelung a Pastoralregiounen a Parverbänn gouf komplett opginn. D'Andeelung an Dekanater ass liicht verännert viru bestoe bliwwen.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Europäesch Par op cathol.lu Gearchiveerd op 2016-03-09. Gekuckt de(n) 2012-03-21.
  2. Les 33 nouvelles paroisses de l'Archidiocèse Charge pastorale et administration dans les paroisses