Paräisser Muséeën

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Paräis 

An der Haaptstad vu Frankräich, Paräis, stinn eng ronn 160 Muséeën zu de verschiddensten Theemen.

Musée du Louvre[änneren | Quelltext änneren]

De Musée du Louvre huet en eegenen Artikel: Musée du Louvre

Musée d'Orsay[änneren | Quelltext änneren]

De Musée d'Orsay huet en eegenen Artikel: Musée d'Orsay.

Centre national d'art et de culture Georges-Pompidou[änneren | Quelltext änneren]

De Centre Georges Pompidou huet en eegenen Artikel: Centre national d'art et de culture Georges-Pompidou.

Musée national Picasso[änneren | Quelltext änneren]

De Musée national Picasso huet en eegenen Artikel: Musée national Picasso.

Musée national du Moyen Âge[änneren | Quelltext änneren]

Am Musée national du Moyen Âge (bis 1980: Musée de Cluny) ass eng grouss Sammlung vu mëttelalterlechem Geschier a Konschtgéigestänn ze fannen. An de Joren 1485 bis 1490 ass de Palais Hôtel de Cluny entstanen. Hie verbënnt verschidde Stilelementer vun der Spéitgotik an der Renaissance. 1842 den Ensembel zum Staatsbesëtz, 1844 ass de Musée opgaangen. Am September 2000 gouf nieft dem Hôtel de Cluny e mëttelalterleche Gaart (jardin médiéval) mat enger Fläch vun zirka 5.000 Quadratmeter ugeluecht.

Grand Palais[änneren | Quelltext änneren]

De Grand Palais ass no de Pläng vun den Architekten Henri Deglane (1851-1932) an Albert Louvet (1860-1936) gebaut ginn, a war d'Ausstellungshal fir d'Weltausstellung 1900 zu Paräis. En huet eng 240 Meter laang an 20 Meter héich Fassad mat ionesche Sailen. Hei kann ee Konscht- a Billerausstellunge kucke goen. Am Westfligel ass en naturwëssenschaftleche Musée, de Palais de la Découverte, ënnerbruecht, deen zu prakteschen Experimenter alued.

Petit Palais[änneren | Quelltext änneren]

Gläich vis-à-vis vum Grand Palais (Paräis) steet de Petit Palais, deen zu der selwechter Zäit gebaut ginn ass. Den Architekt war de Charles Girault deen de Palais am Joer 1900 am Stil vun der Belle Epoque als neobarockt Gebai baue gelooss huet. Zanter 1902 sinn am Palais mat senge ville Plaffongsmolereien d'Konschtsammlunge vun der Stad ënnerbruecht. D'Fassade vum hallefronne Gebai besti bal nëmmen aus Fënsteren.

Musée du Quai Branly[änneren | Quelltext änneren]

Als leschte grousse Musée huet den 20. Juni 2006 de Musée du Quai Branly seng Dieren opgemaach, deen déi sougenannten Arts premiers, d. h. d'Konscht aus net-westleche Länner, zum Theema huet, deemno déi aus Afrika, Asien, Ozeanien, Nord- a Südamerika.

De Jean Nouvel gouf 1999 als Architker erausgesicht, de Stéphane Martin ass den Direkter. Am Musée goufen ë. a. d'ethnologesch Sammlunge vum Musée de l'Homme a vum Musée national des arts d'Afrique et d'Océanie zesummegestallt. De Musée setzt sech aus véier Gebaier zesummen, wouvun eent, deem seng Baussefaçade vun uewe bis ënne mat Planze bewues ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.