Paräisser reliéis Gebaier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema : Paräis 

Notre-Dame de Paris

Déi fréier Abteikierch Saint-Germain des Prés um Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de fränkesche Kinnek Childebert I. aus dem Geschlecht vun de Merowinger, e Jong vum Clovis I. hei am Joer 557 eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem 11. Joerhonnert, de Chouer gouf am Joer 1163 vum Poopst Alexander II. ageweit. De Bau gouf bis zum 17. Joerhonnert e puer Mol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff gouf am 19. Joerhonnert vum Hippolyte Flandrin geschaf.

D'Kathedral Notre Dame de Paris op der Île de la Cité (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste gotesche Kathedrale vu Frankräich. Si ass der Maria, der Mamm Jesu, geweit. De Bau gouf am Joer 1163 ënner dem Bëschof Maurice de Sully ugefaangen, an eréischt 1345 fäerdeggestallt. D'Ausmoosse vum Kiercheschëff sinn 130 Meter mol 48 Meter bei enger Héicht vu 35 Meter. Mat der Empore huet Notre Dame Plaz fir 9000 Leit. Déi zwéin Tierm sinn 69 Meter héich, den Daachreider 90 Meter.

D'Kierch Saint Germain-l'Auxerrois nieft dem Louvre (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der Romanik am 12. Joerhonnert. Si huet allerdéngs souwuel e gotescht Striewwierk wéi och en héichgotescht Portal. D'Ubauten an Tierm vun dëser Kierch stamen aus dem Barock. Dës Kierch, déi vis-à-vis vum Westportal vum Louvre an domat um westlechen Enn vun de Champs-Élysées läit ass dem Hellege Germain vun Auxerre geweit.

D'Parkierch Saint-Sulpice südlech vum Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) ass dem Hellege Sulpicius II. vu Bourges geweit. Si ersetzt e romanesche Virgängerbau aus dem Ufank vum 13. Joerhonnert. D'Aarbechten un der haiteger Kierch hunn am Joer 1649 ugefaangen, mä konnten duerch politesch a finanziell Schwieregkeeten eréischt am 18. Joerhonnert fäerdeggestallt ginn. D'klassizistesch Zich vun der Kierch huet den Giovanni Servandoni am Joer 1732 entworf.

D'Palaiskapell Sainte-Chapelle am Palais de la Cité (1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum Saint Louis an den 1240er Jore baue gelooss, fir wäertvoll Reliquien opzehuelen: d'Darekroun Christi an Deeler vum Kräiz. D'Kapell ass e gutt Beispill fir de gotesche style rayonnant vum 13. Joerhonnert a gehéiert zu de schéinste Baumonumenter aus der Gotik. De gréissten Deel vun de Mauere gëtt duerch faarweg Glasfënstere bedeckt.

Basilique du Sacré-Cœur

Den Dôme des Invalides gouf tëscht 1670 a 1691 vum Jules Hardouin-Mansart um lénksen Ufer vun der Seine gebaut (7. Arrdt.). Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch Saint-Louis des Invalides en Deel vum Hôtel des Invalides an zielt zu de schéinste barock-klassizistesche Baute vum Land. Bannendra gouf am 19. Joerhonnert e majestätescht Graf fir de franséische Keeser Napoléon I. gebaut, deem seng Läich no senger Iwwerféierung aus Sankt Helena (1840) hei läit, sou wéi och verschidden aner wichteg Perséinlechkeeten.

De Bau vun der Kierch La Madeleine nërdlech vun der Place de la Concorde (8. Arrdt.) huet 1764 nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember 1791 opgrond vun der Franséischer Revolutioun missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt Jacques-Marie Huvé (1783-1852) nees opgeholl an am Joer 1842 ofgeschloss, d'Konsekratioun war den 9. Oktober 1845. Den Interieur staamt gréisstendeels aus de Joren 1830-1840. Als besonnesch kuckeswäert gëllt d'Statu vun der Maria Magdalena vum Carlo Marochetti. D'Uergel vum franséischen Uergelbauer Aristide Cavaillé-Coll (1811-1899) zielt zu enger vun de klangvollste vun der Stad.

D'Basilique du Sacré-Cœur ass eng réimesch-kathoulesch Wallfaartskierch um Hiwwel vu Montmartre an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom Eiffeltuerm. De Bau vun der Kierch am "Zockerbäckerstil" gouf 1875 vum Architekte Paul Abadie ugefaangen, dee sech an engem Concours géint 78 aner Participanten duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der Hagia Sophia inspiréiert war. Den Abadie ass schonn 1884 gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau 1914 fäerdeggestallt konnt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paräisser reliéis Gebaier – Biller, Videoen oder Audiodateien