Parc naturel de la vallée de l'Attert

Vu Wikipedia
D'Réserve naturelle du marais de Grendel

De Parc naturel de la vallée de l'Attert ass en Naturpark an der Belsch am Atertbaseng an et gëtt en zanter 1994. Et ass den drëtten Naturpark deen an der Regioun Wallounien an d'Welt gesat gouf, an den éischten an der Provënz Lëtzebuerg. En huet eng Fläch vu 7.195 ha an erstréckt sech iwwer d'ganzt Gebitt vun der Gemeng Atert.

E läit op hallwem Wee tëscht Arel a Maartel mat am Norden als Grenz den Habicher Wald, op Schiferbiedem vun den Ardennen, an am Süden déi loutrengesch Cuestaen.

Um Terrain konkreetiséiert de Park sech duerch follgend Natur- a Bëschreserven:

Den Naturpark ass duerch d'Memberschaft vun der Gemeng Atert am Attert-Kontrakt och een Deel vun dësem groussen Naturschutzprojet.