Paris-Rouen (Vëlo)

Vu Wikipedia

Paris-Rouen ass déi éischt Vëloscourse déi vu Stad zu Stad gefuer gouf. Si gouf a Frankräich tëscht Paräis a Rouen de 7. November 1869 gefuer.

D'Course ass iwwer d'Distanz vun 123 km gaangen a gouf vum Englänner James Moore an 10 Stonnen a 25 Minutte gewonnen. Vun den 120 Konkurenten um Depart koumen der 34 an der Zäitlimite vu 24 Stonnen un. Bei deene 34 waren eng Damm, déi sech als Miss Amerika ausginn hat an déi um ganzen Trajet vum Rowley B. Turner vun der Firma Turner & Cie. begleet gouf.

Klengen Extrait aus dem Reglement vun deemools[änneren | Quelltext änneren]

Tous les vélocipèdes sont admis à concourir, bicycle, tricycles, quadricycles et monocycles, mais les concurrents sont tenus de ne se servir que d'un seul et même instrument pendant la course. Il n'est pas permis d'emmener son chien. Il est interdir de se mettre à plusieurs sur le même véloce et de se tirer mutuellement avec des cordes ou des chaînes.

Paris-Rouen war de Virleefer vun de grousse Klassiken iwwer 200 km déi duerno gefuer goufen, wéi Bordeaux-Paräis (1891), Léck-Baaschtnech-Léck (1892), Paräis-Roubaix (1896), asw.