Paris - Corrèze

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Paris - Corrèze ass eng Etappecourse mam Vëlo, déi a Frankräich gefuer gëtt.

D'Arrivéee vun der leschter Etapp ass ëmmer an enger Stad vum Departement Corrèze an der Regioun Limousin.

Zanter 2005 gehéiert Paris - Corrèze zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Kategorie 2.1 agestuuft.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De 24. November 2000 hunn de Max Mamers, Organisateur vun der Trophée Andros am Automobilsport, an de fréieren Vëlossportler Laurent Fignon, zweemolege Gewënner vum Tour de France, zu Tulle (Departement Corrèze) d'Gebuert vun enger neier Etappecourse, dem Paris - Corrèze, offiziell matgedeelt. Déi éischt Oplo vun dëser Course gouf an dräi Etappe vum 28. bis den 30. November 2001 disputéiert a gouf vum Norweger Thor Hushovd gewonnen.

Nodeem d'Course vun 2001 bis 2005 ëmmer dräi Etappen hat, huet se där zanter 2006 nëmmen nach zwou.

2007 huet sech fir d'Zweet en Norweger an de Palmarès vu Paris - Corrèze agedroen: den Edvald Boasson Hagen, an dat am Alter vun 20 Joer. De Grondsteen fir seng Victoire hat hien an der éischter Etapp, vu Saint-Amand-Montrond op Saint-Léonard-de- Noblat (182,6 km), geluecht andeems hie mat 12 Sekonne Virsprong op den Italieener Oscar Gatto iwwer d'Arrivée gefuer ass. Duerno hat hien och nach déi zweet Etapp, vu Vigeois op Chaumeil (159,4 km), am Sprint virum Fransous Steven Tronet fir sech entscheet.

D'Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Joer Numm Nationalitéit
2001 Thor Hushovd Norwegen
2002 Baden Cooke Australien
2003 Cédric Vasseur Frankräich
2004 Philippe Gilbert Belsch
2005 Frédéric Finot Frankräich
2006 Didier Rous Frankräich
2007 Edvald Boasson Hagen Norwegen
2008 Miyataka Shimizu Japan
2009 Francisco Ventoso Spuenien
2010 Mickaël Buffaz Frankräich
2011 Samuel Dumoulin Frankräich
2012 Egoitz García Spuenien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]