Paris Pişmiş

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paris Pismis)
Paris Pişmiş
Gebuertsnumm Մարի Սուքիասեան
Gebuer 30. Januar 1911
Istanbul
Gestuerwen 1. August 1999
Mexiko-Stad
Nationalitéit Tierkei, Mexiko
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun International Astronomesch Unioun

D'Paris Pişmiş, gebuer als Mari Suskiasyan den 30. Januar 1911 am Osmanesche Räich a gestuerwen den 1. August 1999 a Mexiko war eng tierkesch Astronomin vun armeenescher Ofstamung.

Vun 1940 bis zu hirem Doud huet si a Mexiko geschafft. Si war déi éischt Fra, déi d'naturwëssenschaftlech Fakultéit vun der Istanbuler Universitéit absolvéiert an zu Harvard Astronomie studéiert huet. 24 Stärekéip sinn no hir, ofgekierzt mat Pis, genannt ginn – Pismis 1 bis Pismis 24. Déi Entdeckunge vun 1959 huet si op Schmidtplacke gemaach, déi um Observatoire Tonantzintla, bei Puebla, opgeholl gi waren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paris Piş̦miş̦, Gabriel Cruz-Gonzalez: Reminiscences in the Life of Paris Pișmiș: A Woman Astronomer. Mexico, D.F.: Universidad Nacional Autónoma de México, Instituto de Astronomía, 1998, ISBN 968-36-6449-0 [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]