Parkes-Observatoire

Vu Wikipedia
Loftfoto vum Observatoire-Park
Dat grousst Radioteleskop

De Parkes-Observatoire ass e Radio-Observatoire an Australien. Et steet op enger Héicht vun 392 m an ass 20 km vu Parkes, New South Wales ewech. E gouf virun allem bekannt duerch d'Iwwerdroe vun der éischter Moundlandung.

D'Haaptinstrument ass de Parkes-Radioteleskop, dee mat 64 Meter Antennenduerchmiesser laang de gréisste beweeglechen Teleskop vu senger Aart op der südlecher Hemispher war. E gouf1961 gebaut[1] a bis haut ass dëst Instrument dauernd am Asaz. E gouf an de leschte Jore mat engem glate Metall ausgekleet fir och Mikrowellen am Zentimeter- a Millimeterberäich z'erfaassen.

Den Teleskop gëtt mat Hëllef vun enger azimutaler Montéierung ausgeriicht. Dobäi gëtt et duerch e klengt Teleskop an der selwechter Struktur geleet, wat awer mat enger parallaktescher Montéierung versinn ass. Déi béid gi beim Verfollege vun engem astronomeschen Objet dynamesch mat engem Laser-System matenee verbonnen.

D'Emfängerkabinn, am Fokus vun der Parabolschossel, gëtt vun dräi Striewen an 27 Meter Héicht gehalen. Si huet verschidde Moossinstrumenter fir Radio- a Mikrowellen, déi fir Ënnersichen an de Fokus geriicht kënne ginn.

Den Observatoire ass en Deel vum Australia Telescope National Facility, engem Netz vu Radioteleskopen. Zimmlech dacks schafft et zesumme mat dem Australia Telescope Compact Array zu Narrabri a mat enger eenzeler Antenn vu Mopra no dem Verfahre vun der Very Long Baseline Interferometry.

Wärend dem Apollo-Programm vun der NASA huet d'Radioteleskop och fir d'Kommunikatioun a fir Telemetrie gedéngt, wann de Mound nëmmen op der australescher Säit vun der Äerd ze gesi war, wann déi eigentlech NASA Buedemstatioun Honeysuckle Creek technesch Problemer soll hunn.

Aner Aufgabe vum Radioteleskop waren a sinn: distanzsensitiv Sich no Waasserstoff als Indikator fir Galaxien (HIPASS-Projet) an Aarbechte fir de SETI-Projet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Peter Robertson: 40 Years of The Dish - ABC Science Online, 11. Januar 2009 (englesch).