Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit

Eng Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit ass eng speziell ugeluechte Parkplaz fir Leit déi am Goe behënnert sinn a fir Leit déi blann sinn.

D'Parkplaz[änneren | Quelltext änneren]

Dës Parkplaze gi meeschtens sou ugeluecht datt se dëse Leit verschidde Facilitéiten ubidden, sou wéi ofgesenkten Trottoirsborden, oder direkt Accèsen op Rampen oder bei Lifter. Si sinn och, wann d'Plaz et erlaabt, méi breet wéi normal Parkplazen fir datt Leit déi e Rollstull musse benotzen och Plaz genuch hu fir hir Autosdieren grouss op ze maachen fir sech op de Stull kënnen ze setzen an d'Kéier domat maachen ze kënnen.

Op grousse Parkplazen an a Stied a Gemengen gëtt e gewësse Prozentsaz vun de Parkméiglechkeeten an dësem Sënn ugeluecht.

De Code de la Route[änneren | Quelltext änneren]

Nom Code de la Route si si eng Ausnam vum Park- oder Stationéireverbued, wat heescht datt dës Parkplaze reglementéiert ginn duerch dat eent oder dat anert vun dëse Schëlter.

Dës Ausnam gëllt also op Park- a Stationéierungsplazen mat limitéierter Dauer an do wou Parken a Stationéieren duerch d'Schëlter C 18 an E 23 reglementéiert sinn an als Zousaz d'Zeeche vum signe distinctif hunn, oder den Zousaztext Excepté handicapés physiques

Si däerfen deemno nëmme vu Leit benotzt ginn, déi am Besëtz vun engem sougenante signe distinctif pour personnes handicapés sinn, oder vu Persounen déi si begleeden . E muss sichtbar an der Fënster vum Auto ubruecht sinn oder wéinstens sou um Tableau de Bord leien datt d'Uerdnungskräften e kënne gesinn.

De Signe distinctif[änneren | Quelltext änneren]

Den Europäësche Modell vun enger Erlaabnes fir op Parkplazen fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit ze stationéiren

Dëse signe distinctif gouf duerch Règlement ministériel vum 12. Dezember 1977 agefouert. De signe distinctif selwer ass am Laf vun de Joren duerch Reglementer verännert ginn, grad sou wéi d'Zoustännegkeet vun der Autoritéit déi en eraus gëtt.

Duerch Groussherzoglecht Reglement vum 14. September 1999 sinn déi al Bestëmmungen geännert an nei festgeluecht ginn.