Parsec
De Parsec (ofgekierzt fir Parallaxesekonn, Eenheet pc) ass eng astronomesch Längeneenheet fir d'Distanzindikatioun vun Himmelskierperen. Et ass een Akronym aus dem engleschen „parallax of one arc second“.
Definéiert gëtt de Parsec als d'Distanz, vun där aus betruecht eng AE (mëttleren Ofstand vun der Äerd zu der Sonn) ënner engem Wénkel (vun der Parallax) vun enger Bousekonn, 1" = (1/3600)°, erschéngt. Domat ass 1 Parsec = 1 AE / tan (1") (kuckt Trigonometrie). Ass p d'Parallax vun engem Stär a Bousekonnen, sou kritt ee seng Distanz d a Parsec duerch d'Formel d = 1/p.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Parsec (pc)
De Parsec ass am Internationalen Eenheetesystem zënter 1978 net méi zoulässeg. Trotzdem gëllt et an der Astronomie als onverzichtbar a gëtt weider gebraucht.
[änneren] Ëmrechnung
E Parsec (1 pc) ass
- 3,085 677 581 28 • 1016 m (ca. 31 Billiarde Meter),
- 3,085 677 581 28 • 1013 km (ca. 31 Billioune Kilometer),
- 3,261 634 Lj (ca. 3,3 Liichtjoer) oder
- 2,062 648 062 45 • 105 AE (ca. 0,21 Milliounen Astronomesch Eenheeten),
- exakt: cot (1°/3600) AE ≈ (180 × 3600 / π) AE.
[änneren] Besonnesches vun der Eenheet Megaparsec
D'Megaparsec (Mpc) ass eng normal Eenheet fir d'Beschreiwung vun Distanzen an der extragalaktescher Astronomie. Et entsprécht enger Distanz vun 3,085 677 581 28 • 1019 km (ca. 31 Zettameter) oder ronn 3,3 Millioune Liichtjoer.
E Megaparsec huet an der Astronomie eng besonnesch Bedeitung, well dëst den duerchschnëttlechen Ofstand vun zwou Galaxien am Universum an hirer maximaler Gréisst ass. D'Galaxiëkéip hu Radie vun 1 bis 5 Megaparsec.
Gläichfalls ass d'Eenheet „Megaparsec“ bei der „Fluchtvitesse vun de Galaxien“ (duerch d'Expansioun vum Universum) vu Bedeitung. Dës wiisst pro Megaparsec vun hirer Distanz ëm ongeféier 71 km/s (Hubble-Konstant H ≈ 71 km s-1 Mpc-1).
[änneren] Beispiller
- Proxima Centauri, eisen Nopeschstär, ass ongeféier 1,3 Parsec (4,2 Liichtjoer) vun eis ewech.
- D'"Lokal Grupp" - zu där eis Galaxis an de bekannten Andromedaniwwel gehéiert - erschéngt a Megaparsec uginn ganz no, nämlech 0,7 bis 2 Mpc.
- Déi notste Radiogalaxis (NGC 5128 oder Centaurus A) ass vun eis 3 Mpc ewech.
- De sougenannte Virgokoup mat ronn 3000 Spiralniwwellen ass vun eis ronn 22 Mpc ewech, de Comakoup 120 Mpc. Am Duerchschnëtt sinn déi Kéip 50 Mpc vuneneen ewech.