Passe-partout (Konscht)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Passe-partout bei Konschtwierker. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Passe-partout. |
E Passe-partout oder Passepartout ass an der Konscht eng Zort Rumm aus Kartong, déi op e Konschtwierk oder eng Reproduktioun geluecht gëtt. An éischter Linn déngt en dozou, en Ofstand tëscht dem (kriddeleche) Konschtwierk an dem Glas ze halen. Besonnesch bei Aquarell- oder Pastellmolereien ass e Passe-partout néideg. Eng zweet Fonctioun besteet doranner, ze verhënneren, datt de Konschtobjet Kontakt mat der Rumm kritt, déi hirersäits Substanzen ausdonnste kann.
Soss ass d'Fonctioun vum Passe-partout, d'Fläch tëscht der Rumm an dem Objet opzefëllen, wann déi zwee net d'selwecht grouss sinn. Och esthetesch Grënn kënnen dozou féieren, e Passe-partout ronderëm e Bild oder eng Foto ze maachen. De Passe-partout, dee gewéinlech wäiss oder hellgro ass, ass da vu senger Faarf hier mam Bild an der Rumm ofgestëmmt.
Esthetesch Iwwerleeunge sinn och de Grond, firwat den Ausschnëtt am Passe-partout net genee an der Mëtt ass, mee den ënneschte Bord liicht méi grouss ass ewéi deen ieweschten.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Passepartouts – Biller, Videoen oder Audiodateien |