Passerelle des Aguesses

Vu Wikipedia
Passerelle des Aguesses
Passerelle des Aguesses

D'Passerelle des Aguesses ass eng Hiefklappbréck am Wosystem mat Kontergewiicht fir Foussgänger iwwer den Ourthekanal tëscht Angleur a Chênée.

Wéi déi nei Autobunn an de Pont de Liège gebaut goufen, huet den Ourthekanal missen eng ronn 50 no riets deplacéiert ginn. Dobäi ass anengems eng Bréck déi vun Angleur op Belle-Île mat sengem Centre commercial gaangen ass, an déi duerch d'Autobunn keng Verbing méi mat Angleur hat, ewechgerappt ginn an dunn haten d'Leit vun Angleur keng Méiglechkeet méi fir dohin ze kommen.

Dofir ass déi nei Fousgängerbréck opgeriicht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Brécken zu Léck