Patricia Highsmith

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Patricia Highsmith, gebuer als Mary Patricia Plangman den 19. Januar 1921 zu Fort Worth am Texas, a gestuerwen de 4. Februar 1995 zu Locarno an der Schwäiz war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin, déi och ënner dem Pseudonym Claire Morgan geschriwwen huet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Iwwersiicht

D'Patricia Highsmith huet haaptsächlech psychologesch déifgrënneg Kriminalromaner a Kuerzgeschichte geschriwwen. Et geet do manner drëm, wien eppes gemaach huet, mee firwat en éischter onopfällege Mënsch sech "ënner aneren Ëmstänn" anescht behëllt. Moralesch Iwwerleeunge spille meeschtens keng Roll, et geet der Auteurin ëm dat "manner" Bewosst bei hire Protagonisten. Hiert Interessi fir déi méi "däischter" Säite vum Mënsch krut se no der Lektür vum Karl Menninger, engem däitschstämmegen US-amerikanesche Psychiater, sengem Buch The Human Mind, dat op eng populär Manéier déi verschiddenste psychesch "Ausname" beschreift. Hir literaresch Virbiller sinn ë.a. de Nietzsche, de Kafka, de Greene, de Sartre an de Camus.

Niewent dem erzieleresche Wierk huet d'Paricia Highsmith 1966 den Essay Plotting and writing suspense fiction, eng Zort Atelier-Rapport erausginn. Donieft hat se 1958 hirer Frëndin Doris Sanders hiert Kannerbuch Miranda the Panda is on the Veranda illustréiert.

[änneren] Ripley-Romaner

  • The Talented Mr. Ripley (1955, dt. 1961: Nur die Sonne war Zeuge, vun 1979 un ënner dem Titel: Der talentierte Mr. Ripley) (Neiiwwersetzung an der neier Editioun bei Diogenes 2003).
  • Ripley Under Ground (1970, dt. 1972: Ripley Under Ground (Neiiwwersetzung an der neier Editioun bei Diogenes 2003).
  • Ripley's Game (1974, dt. 1977: Ripley’s Game oder Der amerikanische Freund) (Neiiwwersetzung an der neier Editioun bei Diogenes 2003).
  • The Boy Who Followed Ripley (1980, dt. 1980: Der Junge der Ripley folgte, vollstänneg als Neiiwwersetzung an der neier Editioun bei Diogenes 2004).
  • Ripley Under Water (1991, dt. 1991: Ripley Under Water) (vollstänneg als Neiiwwersetzung an der neier Editioun bei Diogenes 2004).

[änneren] Aner Publikatiounen

  • Miranda the Panda is on the Veranda (Zeechnungen an engem Kannerbuch, Text vun der Doris Sanders)
  • Plotting and Writing Suspense Fiction, Essay, 1966, däitsch (1990) Supense oder Wie man einen Thriller schreibt
  • Patricia Highsmith - Zeichnungen, 1995, Diogenes Verlag

[änneren] Kino

[änneren] Spawecklinks

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen