Patricia Kaas

Vu Wikipedia
Patricia Kaas
Gebuer 5. Dezember 1966
Forbach
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Discographesche Kënschtler
D'Patricia Kaas (2009).

D'Patricia Kaas, gebuer de 5. Dezember 1966 zu Forbach am Museldepartement, ass eng franséisch Sängerin.

Si gehéiert zu deene franséischen, respektiv franséischsproochege Sängerinne mat international deem gréisste Succès. Hir Musek ass eng Mëschung aus Popmusek, Chanson an Jazz. Zanter datt hiren Debut-Album Mademoiselle chante… 1988 erauskomm ass, huet si bal 20 Millioune Placke verkaf.[1] Aner Alben, déi Succès haten, sinn Scènes de vie, Dans ma chair oder Je te dis vous. Och hir Tournéeën haten, virun allem an den 1990er Joren, e gellege Succès.

Zu Lëtzebuerg ass si bei de Festlechkeete am Kader vun der d'Intronisatioun vum Groussherzog Henri, am Abrëll 2001, opgetrueden.

2009 huet si Frankräich beim Eurovision Song Contest zu Moskau mam Lidd Et s'il fallait le faire vertrueden.

D'Patricia Kaas huet och an zwéi Filmer matgespillt: And Now ... Ladies & Gentlemen vum Claude Lelouch (2002) an Assassinée vum Thierry Binisti (2012).

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studio-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1988: Mademoiselle chante...
  • 1990: Scène de vie
  • 1993: Je te dis vous
  • 1997: Dans ma chair
  • 1999: Le Mot de passe
  • 2002: Piano bar by Patricia Kaas
  • 2003: Sexe fort
  • 2008: Kabaret
  • 2012: Kaas chante Piaf
  • 2016: Patricia Kaas

Live-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1991: Carnets de scène
  • 1994: Tour de charme
  • 1998: Rendez-vous
  • 1999: Christmas in Vienna Vol. VI (mam Plácido Domingo an Alejandro Fernández)
  • 2000: Patricia Kaas live
  • 2005: Toute la musique...
  • 2009: Kabaret sur scène
  • 2014: Kaas chante Piaf à l'Olympia

Live-DVDen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1991: Carnets de scène
  • 1994: Tour de charme
  • 1998: Rendez-vous
  • 1999: Christmas in Vienna Vol. VI (mam Plácido Domingo an Alejandro Fernández)
  • 2000: Ce sera nous
  • 2005: Toute la musique...
  • 2009: Kabaret
  • 2014: Kaas chante Piaf à l'Olympia

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2000: Long Box (déi éischt véier Studioalbume bei Sony)
  • 2001: Rien ne s'arrête
  • 2009: 19 par Patricia Kaas
  • 2011: Mademoiselle n'a pas chanté que le blues (a Kanada)

Film iwwert si[änneren | Quelltext änneren]

  • Patricia Kaas – mein Leben / ma vie. vum Horst Mühlenbeck. 52/45 min., Portrait am Kader vun der ZDF/arte-Serie „Mein Leben/ Ma vie", gebrueder beetz filmproduktion 2008.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard Pascuito: Patricia Kaas. Ombre et lumière. Lafont, Paris 1994, ISBN 2-84098-022-3.
  • François Bruneau: Patricia Kaas. La fille de l'est. Semic, Lyon 2000, ISBN 2-914082-06-1.
  • Patrica Kaas, Sophie Blandinières: L'Ombre de ma voix. Autobiographie. Éditions Flammarion, Paris 2011, ISBN 2-08-124932-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Patricia Kaas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tdg.ch: «Je n'ai plus rien à prouver, je n'ai pas peur» vum François Barras (12. November 2016)