Patronym

Vu Wikipedia

E Patronym oder Pappennumm ass en Numm, deen ugëtt wéi dem Betraffene säi Papp mat Virnumm heescht.

Echt Patronymer si keng Familljennimm am haitege Sënn (déi jo grondsätzlech onverännerlech sinn), mä si bezéie sech just op d'Kanner vun engem bestëmmte Papp a verännere sech deemno mat all Generatioun. Si ginn entweeder amplaz vun engem Familljennumm gedroen (Island), oder zousätzlech (slawesch Länner).

A villen anere Sproochraim sinn dogéint d'Patronymer mat der Zäit zu richtege Familljennimm ginn.

Echt Patronymer[änneren | Quelltext änneren]

Island[änneren | Quelltext änneren]

Island kennt bis haut just an Ausnamefäll Familljennimm, hei ginn d'Leit just duerch hire Virnumm an hiert Patronym identifizéiert. Dëst Patronym gëtt geformt duerch d'Endung -son (männlech) oder -dóttir (weiblech), z. B. ass d'Thorunn Egilsdóttir wuertwiertlech d'"Thorunn, dem Egil seng Duechter".

Slawesch Länner[änneren | Quelltext änneren]

A Russland ass d'Patronym (отчество, meeschtens iwwersat als "Pappennumm") reguläre Bestanddeel vum Numm, nieft dem Virnumm an dem Familljennumm. Bal d'selwecht Reegelunge bestinn a Wäissrussland, der Ukrain a Bulgarien. Geformt gëtt d'slawescht Patronym duerch d'Unhänke vun engem Suffix:

  • Bulgaresch: -ow oder -ew (männlech), -owa oder -ewa (weiblech)
  • Russesch: -owitsch, -ewitsch an heiansdo -itsch (männlech) respektiv -owna oder -ewna souwéi seelen -itschna, -initschna (weiblech)
  • Ukrainesch: -owytsch oder -ewytsch (männlech), -iwna (weiblech)
  • Wäissrussesch: -awitsch (männlech), -auna (weiblech)
  • Polnesch: -owicz, -ewicz, -icz (männlech), -owna, -ewna, -iczna (weiblech)

Beispill: Alexander Sergejewitsch Puschkin ass "Alexander Puschkin, Jong vum Sergej". An offiziellen Dokumenter kënne Virnumm a Patronym och zesummen nom Familljennumm genannt ginn ("Puschkin Alexander Sergejewitsch"), anescht wéi op der russescher Wikipedia ouni Komma nom Familljennumm, wat bei Auslänner emol fir Confusioun suerge kann. Wann nëmmen d'Initial vum Patronym genannt gëtt, da gëtt och de Virnumm ofgekierzt ("A. S. Puschkin"). Am russesche Pass steet d'Patronym am kyrilleschen Original ënner der Rubrik Virnumm, a gëtt am transliteréierten Deel ganz ewechgelooss. Och a lëtzebuergeschen Texter gëtt d'Patronym dacks ewechgelooss ("Alexander Puschkin"), et sief eng eendeiteg Identifikatioun wier néideg oder d'Vollstännegkeet wier absënns gewënscht, wéi an engem Lexikon. D'héiflech Uried tëscht Leit déi sech därzen kann hautdesdaags zwar op de Familljennumm beschränkt sinn ("Här Puschkin"), mä och wann dat a Bezuch op Auslänner gemenkerhand sou gemaach gëtt, sou ass et op e Russ bezunn e bëssen dréchen distanzéiert an d'Preferenz läit wéi viraals beim Virnumm zesumme mam Patronym ("Alexander Sergejewitsch", ouni "Här" dee ganz ongebräichlech ass). Leit déi sech besser kenne kënnen natierlech wéi an anere Länner och just de Virnumm benotzen ("Alexander"), oder ënner gudde Kolleegen eng Diminutivform vum Virnumm ("Sascha").

Vu Patronymer hiergeleete Familljennimm[änneren | Quelltext änneren]

A Westeuropa hu sech Familljennimm am Spéide Mëttelalter definitiv etabléiert, a Patronymer konnte sech duerno ausser a Skandinavien net als sollech halen.

Heiansdo hu sech awer fréier Patronymer zum Familljennumm gewandelt:

  • Norddäitschland: -sen (Janssen)
  • Nordwestdäitschland: -s (Hendricks, Jakobs)
  • Dänemark a Schweden: -son (Mortensøn, Johansson)
  • Finnland: -poika resp. -tytär (Abrahaminpoika, Heikintytär)
  • Holland: -zoon, -ma (Janszoon, Reemtsma)
  • Laténgiséierung: -i, -is, -ae (Jakobi, Pauly)
  • Normannen (Frankräich, England): Fitz- (Fitzgerald)
  • Schottland: Mac- (Macintosh, McDonald)
  • Irland: Ó- fir Enkel (O'Connor)
  • Polen: -wicz, -ski, -zak (Janowicz, Wojciechowski, Andrzejczak)
  • Jugoslawien: -vić (Petrović, Ivanišević)
  • Griicheland: -poulos, -idis, -iadis, -oglou (Dēmētrópoulos, Dēmētriádēs, Dēmétroglou)
  • Italien: -i, Di (Maffei, Di Pietro)
  • Portugal: -es (Álvares, Gonçalves)
  • Spuenien: -ez (López, Rodríguez)
  • Rumänien: -escu, -eanu (Ceaușescu, Olteanu)
  • Armenien: -ian (Kardashian, Sarkissjan)
  • Georgien: -dse, -schwili (Schewardnadse, Dschugaschwili)
  • Persien: -zadeh, -nejad (Scheherazade, Ahmadinedschad)
  • Aserbaidjan: -oğlu resp. -qızı (Sabitoğlu, Yusifqızı)
  • Tierkei: -oğlu (Mustafa-oğlu, Pamukoğlu)
  • Arabien: ibn, ben (Ziyad Ibn Abihi, Soleïman ben Moese ben Youssouf)
  • Juddentum: ben resp. bat (Salomon ben Moïshe ben Yossef, Rebekka bat Meir Tiktiner)