Patton Tanks
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| M46 Patton | |
|---|---|
Den M46 am Korea Krich |
|
| Allgemeng Donnéeën | |
| Besatzung | 5 |
| Längt | 8,48 m |
| Breet | 3,51 m |
| Héicht | 3,18 m |
| Gewiicht | 44 t |
| Panzerung a Bewaffnung | |
| Panzerung | 100 mm |
| Haaptbewaffnung | 1 Kanoun 90 mm, M3A1 (70 Granaten) |
| Kleng Waffen | 1 x 12,7 MG 2 x 30cal M1919A4 MG |
| Beweeglechkeet | |
| Motor Leeschtung |
Continental AVDS-1790-5A V12 Diesel 604 kW (810 PS) |
| Fiederung | Staffiederung |
| Héchstvitesse | 37 km/h |
| Verhältnes PS / t | 18,4 PS/t |
| Aktiounsrayon | 130 km |
De Patton Tanks gehéiert zu enger Serie vu schwéieren amerikaneschen Tanksen, déi nom amerikaneschen Generol George S. Patton benannt goufen. Den éischte Modell war den M46. Et war eng verbessert Versioun vum M26 Pershing (och bekannt ënnert dem Numm: Pershing II), en Tanks deen am Ufank vum Kale Krich am Déngscht war (vu 1949 bis an d'fofzeger Joren). Aner Nato-Alliéiert waren och mam M46 ausgerëscht. En huet den M26 Pershing an den M4 Sherman ersat.
Inhaltsverzeechnes |
Entwécklungsgeschicht [änneren]
Nom Zweete Weltkrich waren déi meescht amerikanesch motoriséiert Unitéiten mat enger Mëschung vun M4 Sherman an M26 Pershing Tanksen ausgerëscht. Am Ufank gouf den M26 als schwéiren Tanks betruecht. Hie gouf awer spéider an d'Kategorie vu de mëttleren Tanksen deklasséiert. Dem M 26, dee mat demselwechte Motor wéi de vill méi liichten M4A3 ausstafféiert war, huet et u Motorleeschtung gefeelt an hien hat eng Transmissioun, op déi ee sech net ëmmer verloosse konnt.
M46 Patton [änneren]
Am Gefecht gouf den M46 a gréisserem Mooss souzesoen ausschliisslech am Koreakrich gebraucht. Do huet et sech erausgestallt, datt hien deem vill méi liichten nordkoreaneschen T-34-85 iwwerleeë war. Allerdéngs hunn d'M46 nëmme 15% vun den do agesaten amerikaneschen Tanksen ausgemaach. Déi meescht waren M4 Sherman-Tanksen.
Den M46 ass sengersäits weiderentwéckelt ginn:
M47 Patton, M48 Patton [änneren]
Den M47 (Patton I) an M48 (Patton II) goufe vun der amerikanescher Arméi haaptsächlech am Korea- a Vietnamkrich agesat. Déi leescht Ausféierung vu dësen Tanksen, den M48A5, ass an der US Army vum M60 ersat ginn.
M60 Patton [änneren]
Den M60 Patton war de véierten a leschte mëttleren Tanks an der Patton-Serie vun der amerikanescher Arméi. Den M60 war den Haapttanks, deen am Kale Krich am Déngscht war, mat senge Modeller, déi vun 1960 bis an d'nonzeger Joren agesat goufen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Patton tank – Biller, Videoen oder Audiodateien |