Paul Veyne

Vu Wikipedia
Paul Veyne
Gebuertsnumm Paul Marie Eugène Veyne
Gebuer 13. Juni 1930
Aix-en-Provence
Gestuerwen 29. September 2022
Bédoin
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Thiers,
École normale supérieure,
École pratique des hautes études,
École pratique des hautes études,
Lycée Henri IV
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Iwwersetzer
Famill
Bestuet mat Hélène Flacelière
Kand Damien Veyne

De Paul-Marie Veyne, gebuer den 13. Juni 1930 zu Aix-en-Provence, a gestuerwen den 29. September 2022 zu Bédoin, war e franséischen Historiker, dee sech an der griichesch-réimescher Antiquitéit spezialiséiert hat. Hie war Member vun der École française de Rome an Éiereprofesser am Collège de France.

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

Dem Paul Veyne seng Mamm war aus dem Piemont, méi genee vu Cuneo, och "Coni" genannt. Säi Papp koum aus der Géigend vun de Baronnies an der Drôme, war am Handel zimmlech räich ginn an hat seng Firma eng Zäit zu Orange ageriicht. A sengem autobiographesche Buch "Le quotidien et l'intéressant" gëtt de Paul Veyne un, datt hie méi vu senger Groussmamm vun der Mamm hirer Säit erzu ginn ass. Domat konnt de Paul Veyne scho fréi Italieenesch verstoen, wat fir hie spéider e Virdeel war. Scho ganz jonk huet hie sech fir d'Antiquitéit intresséiert.

Am Alter vun aacht Joer huet de Paul Veyne e Stéck vun enger anticker griichescher Amphora zu Cavaillon fonnt[1]. Mat 12 Joer ass e mat engem Kolleeg reegelméisseg an den archeologesche Musée vun Nîmes gaangen. An engem spéideren Interview gouf hie souguer zou, datt en d'Schoul geschwänzt hat, fir an de Musée ze goen. D'antik Welt, mat hire Gëtter, Tempelen, Statuen a mat hire Kleeder (Togen an Tuniken), hunn hie scho ganz fréi begeeschtert. Hie sot, datt déi Begeeschterung fir déi réimesch antik Welt mat senger Angscht virun de chrëschtleche Geeschter zesummegehaangen huet. Mat 10 Joer hat de Paul Veyne a sengem Latäinsbuch eng Säit opgeschloen, wou d'griichesch Gëtter ofgebilt waren. Déi anthropomorph Biller hunn him, am Géigesaz zu de chrëschtleche Geeschter (Dämonen an Däiwelen), keng Angscht gemaach, a sou ass säin Intressi un de Griichen a Réimer gewuess.[2][3]

Politescht Engagement[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Veyne huet sech mat 21 Joer, also 1951, an der kommunistescher Partei ageschriwwen. Hien hat zesumme mat Kolleegen eng kleng Grupp opgestallt, dee sech "le Groupe Saint-Germain-des-Prés marxiste" oder "Groupe folklorique" genannt huet.

De Paul Veyne war awer keen iwwerzeegte Kommunist. De Stalin an de Lenin hunn hien net weider begeeschtert. Hien ass Member vum PC ginn well hie geduecht hat, datt de Kommunismus eng Léisung géint Virurteeler wier, demmno géint de Krich, d'Ongläichheet an der Pai, géint de Rassismus, den Antisemitismus an d'Ongläichheet vun der Fra. Et sinn déi Idealer, déi hien dozou bruecht hunn, sech an der kommunistescher Partei anzeschreiwen[2]. D'Intentioun vun der Partei war dem Paul Veyne no och gutt, mä den Historiker war guer net mat der Sowjetunioun averstanen a soubal d'Sowjets 1956 zu Budapest militäresch intervenéiert sinn, huet de Paul Veyne d'Partei verlooss. Spéiderhin erkläert hie säi Bäitrëtt an der kommunistescher Partei als Feeler, deen hien a senger Jugend gemaach huet. 'Kommunist sinn' war dem Paul Veyne no net eng Saach vu Meenung, mä en Engagement deen een aktiv nogoen misst. Deen Aspekt huet hien dann dozou bruecht, d'kommunistesch Partei ze verloossen. Hie gëtt awer un datt hien ëmmer a sengem Liewe lénks gewielt huet mat Ausnam vun enger eenzeger Kéier. Hie selwer bezeechent sech net méi als Kommunist mä einfach als lénks orientéierten Anti-Kommunist.[3]

De Paul Veyne huet den Zweete Weltkrich nach als Kand erlieft, mä huet net vill driwwer geschwat. Sécher ass awer datt hien net drënner gelidden huet: "J’ai vécu une guerre mondiale sans plaies ni bosses"[2]. Kuerz nom Enn vum Zweete Weltkrich huet de Paul Veyne sech fir de Concours vun der Ecole normale preparéiert. 1951 gouf hien ugeholl a studéiert do déi réimesch Geschicht. Säin Zil war d'École française zu Roum. 1955 gouf hien do ugeholl, an e konnt do seng Recherchë verdéiwen. No de 'réimesche Joren' gouf de Paul Veyne Assisstent fir Al Geschicht op der Sorbonne. Gewosst ass, awer, well de P. Veyne a senge Souveniren dovun schwätzt, datt seng Elteren zum Marschall Pétain sengem kollaborationistesche Regime gehalen hunn.

1960 gouf de Paul Veyne Professer op der Universitéit vun Aix-en-Provence, a koum sou a seng Heemecht zeréck. Als Professer huet hie Latäin enseignéiert an Artikelen iwwer déi griichesch a réimesch Geschicht a wëssenschaftleche Revuë publizéiert. Mat 40 Joer huet hie säin éischt Buch iwwer d'Manéier, wéi een d'Geschicht schreift, publizéiert. Dat Buch ass beim Raymond Aron gutt ukomm, an de Paul Veyne an de Raymond Aron goufe Frënn. Den Aron huet dann och méi spéit dem Veyne seng Kandidatur fir de Collège de France ënnerstëtzt. De Paul Veyne huet bei de Seminaire vum Raymond Aron iwwer d'Soziologie assistéiert. Hie beschreift seng Relatioun mam Aron sou, datt hien den Aron respektéiert huet, mä sech gläichzäiteg och onwuel gefillt hätt, well den Aron net gär iwwer verschidden Theemen diskutéiert huet, stur war an ëmmer bei senger Meenung bliwwen ass. Dëst hätt dozou geféiert, datt de Paul Veyne an de Raymond Aron sech mat der Zäit net méi gutt verstanen hunn[2].

Wärend dem Krich an Algerien huet de Paul Veyne sech aktiv agesat. Hie war Member vun der F.L.N. a war zoustänneg fir de Passage vu verfollegten Algerier iwwer d'Grenz. Hie selwer huet sech als "miltant de base" consideréiert.

Am Collège de France ass de Paul Veyne engem ale Frënd, dem Michel Foucault, begéint. Si hu sech gutt verstanen, an den Doud vum Foucault 1984 huet hien déif getraff.

Als Professer am Collège de France ass et ganz anescht wéi an enger gewéinlecher Universitéit. Nom Paul Veyne ass d'Altersmoyenne vum Auditoire ongeféier 50 Joer al, an et sëtzen och vill Kolleegen a Spezialisten dran. De Paul Veyne vergläicht de Professeschberuff mat deem vun engem Komiker an engem Komponist fir Filmmusek: Komiker, well de Publikum och kënnt, well hien intresséiert ass an net well hie muss, wéi an enger normaler Schoul; a Komponist fir Filmmusek, well d'Virliesunge sech ëmmer ännere mussen an een ëmmer eppes Neits ze presentéieren hätt.[2]

D'Geschichtswëssenschaft nom Paul Veyne[änneren | Quelltext änneren]

1970 huet de Paul Veyne säin éischt Buch erausbruecht mam Titel Comment on écrit l'histoire: essai d'épistémologie. Et ass dat Buch, dat de Raymond Aron dozou bruecht huet, dem Paul Veyne seng Kandidatur fir de Collège de France ze proposéieren. A sengem Buch beschäftegt sech de Paul Veyne mat zwee Theemen: op der enger Säit mat der Kausalitéit an der Geschicht, an op der anerer mam Problem vun der historescher Erklärung, also wéi een d'Geschicht erkläre kann.

Nom Veyne ass d'Geschicht selwer keng Wëssenschaft wéi d'Biologie oder d'Physik. D'Geschicht determinéiert keng Fakten. D'Geschicht selwer hänkt vun dräi Typpe vu Kausalitéit of. Als éischt, d'materiell Ursaach (déi objektiv Konditiounen); als zweet, den Zoufall (Geleeënheeten / Occasiounen a "kleng" Ursaachen); an als drëtten Typ vu Kausalitéit, déi final Ursaach. D'Geschicht ass awer keng Opdeelung vun Ursaachen. D'Geschicht selwer ass monolithesch a vermëscht deemnou déi dräi Kausalitéiten ënnereneen. Hie vergläicht d'Geschicht mat den Naturwëssenschaften a kënnt zum Schluss, datt d'Geschicht, am Géigesaz zu der Chimie oder vun der Physik, keng Gesetzer ervirbréngt. Dat, wat d'Geschicht erfollegräich bidde kann, sinn nei Handlungen, déi zu verschiddenen Interpretatioune vun Evenementer féiere kënnen. D'Handlung ass dann, nom Paul Veyne, eng Mëschung tëscht den dräi Kausalitéitsbegrëffer, déi zu engem Evenement féiert. Ouni Handlung, keng Evenementer. En Evenement ass also net nëmmen eng Saach déi geschitt ass, en Evenement kann een erklären an och anescht ugoen, soudatt ee méi Versioune vun engem eenzegen Evenement huet[2].

Dat weist, datt d'Geschicht net just eng Wourecht huet, mä hirer méi. D'Aufgab oder d'Aarbecht vum Historiker besteet doran, sech mat den Handlungen ze beschäftegen, de Verlaf vun den Handlungen ze weisen an auserneenzeleeën. De Paul Veyne mécht den Ënnerscheed a sengem éischte Buch tëscht "expliquer" an "expliciter". „Expliquer“ wier, nom Paul Veyne, näischt soen, an ass gläichgestallt mat enger einfacher Beschreiwung vun Evenementer. Méi prezis ass d'Wuert "expliciter", wat méi déifgrënneg ass, wéi eng Erklärung. Den Historiker muss also méi maache wéi nëmmen eng einfach Erklärung ofzeginn. D'Geschicht erkläert sech net mat enger grousser Ursaach wéi de Klassekampf. Nom Paul Veyne weist d'Geschicht kee Progrès un. Et sinn déi kleng Kausalitéiten déi dofir zoustänneg sinn, verschidden Evenementer, zoufälleg an ouni Plang, ze declenchéieren. D'Geschicht kann awer keng global Conclusiounen unhand vu klengen Ursaachen zéien. De Paul Veyne vergläicht d'Geschicht mat der Meteorologie. Hie behaapt, datt e Meteorolog soe ka, wéi d'Wierder an den nächsten Deeg wäert sinn, mä ganz sécher ass et net, well d'Beweegung vun de Moleküllen onberechenbar ass. De Meteorolog weess, datt sech d'Molekülle beweegen, mä d'global Beweegung bleift onberechenbar. An sou ass et och mat der Geschicht. Déi kleng Ursaache weisen net op eng global Schlussfolgerung hin. Den Historiker kann d'Evenementer duerch d'Ursaachen an d'Handlungen net viraussoen[2].

L'histoire n'est pas un déterminisme atomique: elle se déroule dans notre monde, où effectivement une guerre mondiale a plus d'importance qu'un concert de klaxons;…[4].

D'Geschicht selwer hänkt natierlech och vum Mënsch of, méi genee vum Historiker, dee sech domat beschäftegt. Den Historiker mécht e Choix an decidéiert sou, wat fir eng Handlunge fir hie wichteg sinn, a wat fir eng net. Sou ass d'Geschicht selwer eng subjektiv Wëssenschaft, déi am Géigesaz zu den Naturwëssenschafte, vun der Natur vum Mënsch ofhänkt. Perséinlechkeet, eegen Idealer, politesch Sensibilitéit, Spiritualitéit oder Philosophie, asw. beaflossen domat d'Schreifweis vum Historiker. Mee den Historiker, dee methodologesch ausgebilt gouf, weess dat, a versicht, ë. a. duerch d'Confrontatioun vu sengen Opfaassunge mat deene vu senge Fachkolleegen, sech sou objektiv wéi nëmme méiglech auszedrécken.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Veyne ass souwuel vum Friedrich Nietzsche, vum Soziolog Max Weber a vu sengem gudde Frënd Michel Foucault beaflosst ginn. Seng Wierker sinn och staark philosophesch opgebaut a weisen drophin, datt de Paul Veyne sech net nëmme mat Geschicht beschäftegt huet, mä datt hien interdisziplinaresch denke kann.

Säin éischt Buch "Comment on écrit l'histoire" ass vum Guy Bourdé an Hervé Martin kommentéiert ginn. Si schreiwen, datt de Paul Veyne mat sengem Wierk en theoreetescht Lach an der Geschichtsschreiwung gefëllt huet, déi bis zu där Zäit vum marxistesche Modell beherrscht war. Säi Buch "Le quotidien et l'intéressant" ass ee laangt Gespréich mat der Catherine Darbo-Peschanski an deem hien iwwer säi Liewen an iwwer säi Wierk erzielt.

De Paul Veyne war zweemol bestuet, zweemol gescheet, a Papp vun engem Jong.

Seng Passioune waren d'Gedichter vum René Char, déi hien onbedingt wollt verstoen, wat net ëmmer de Fall war, well se zimmlech hermetesch sinn. Seng aner Passioun war den Alpinismus, och wann hie selwer a senger Autobiographie ugëtt, datt hie physesch fir dëse Sport net grad adaptéiert war. Hie war awer op de Mont Blanc geklommen, ass dunn awer eng Kéier zimmlech schlëmm gefall an huet den Alpinismus duerno opginn.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Comment on écrit l'histoire: essai d'épistémologie. Seuil, Paris
  • 1976: Le Pain et le Cirque. Sociologie historique d'un pluralisme politique. Seuil, Paris
  • 1976: L'inventaire des différences. Leçon inaugurale au Collège de France. Seuil, Paris
  • 1983: L'élégie érotique romaine. L'amour, la poésie et l'Occident. Seuil, Paris
  • 1983: Les Grecs ont-ils cru à leurs mythes. Essai sur l'imagination constituante. Seuil Paris
  • 1990: René Char en ses poèmes. Gallimard, Paris
  • 1991: La société romaine. Seuil, Paris
  • 1995: Le Quotidien et l'intéressant. Entretiens avec Catherine Darbo-Peschanski. Ed. Les Belles Lettres, Paris
  • 2005: Sexe et pouvoir à Rome. Ed. Tallandier, Paris
  • 2005: L'Empire gréco-romain. Seuil, Paris
  • 2007: Quand notre monde est devenu chrétien. (312-394). Albin Michel, Paris
  • 2008: Michel Foucault. Sa pensée, sa personne. Albin Michel, Paris
  • 2010: Mon musée imaginaire, ou les chefs-d'œuvre de la peinture italienne. Albin Michel, Paris
  • Et dans l'éternité je ne m'ennuierai pas - Souvenirs; Paräis (Albin Michel), 2014.
  • Palmyre - L'irremplaçable trésor; Paräis (Albin Michel), 2015.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1]
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 [Veyne, Paul. Le Quotidien et l'intéressant. Entretiens avec Catherine Darbo-Peschanski. Éd: Hachette Littérature. Paris 1995.],
  3. 3,0 3,1 [2]
  4. [Veyne, Paul. Comment on écrit l'histoire: essai d'épistémologie. Éd: du Seuil Paris 1970]