Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes

Vu Wikipedia
Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes
D'Monument vun der Wäistrooss aus gesinn.
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Stadbriedemes
Koordinaten 49°34'31,0"N, 6°21'29,8"O
Den Haaptdeel vum Monument, mat uewe riets engem Portrait vum Paul Eyschen.
De Medaillon mam Portrait vum Paul Eyschen uewe riets um Monument.
Déi dräi Niveauë vun der Anlag. Lénks um ënneschte Niveau: den Informatiounspanneau.
D'Musel a Richtung Stadbriedemes vum Monument aus gekuckt.
D'Musel a Richtung Gréiwemaacher vum Monument aus gekuckt.
Op der Musel: d'Schëff Princesse Marie-Astrid.

D'Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes ass e Monument op der Musel zur Erënnerung un de lëtzebuergesche Staatsminister Paul Eyschen (1841-1915), dat wéinst senge Verdéngschter ëm d'ekonomesch Situatioun vun de Wënzer an dem Wäibau zu Lëtzebuerg opgeriicht gouf.

D'Monument läit laanscht d'Wäistrooss (N10), tëscht Stadbriedemes an der Hëttermillen, an der laanggezunner Kéier vum Primerbierg, um Territoire vun der Gemeng Stadbriedemes. D'Aweiung war am Juni 1934. 1976 an och 2004-2005 gouf d'Monument renovéiert.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument besteet aus enger Wand aus Steng, déi ronn 5 Meter virum Fiels vum Primerbierg steet. D'Wand huet eng Breet vu 7 m, bei enger Héicht vu 4,7 m. Zum Monument gehéieren eng monumental Trap an dräi Deeler, an, op all Säit, eng Pergola a Plantatiounen.

Um Monument steet geschriwwen:

Dem Staatsminister
Paul Eyschen
als Dank vum Muselland

Uewe riets gesäit een e Medaillon mam Paul Eyschen.

Op hallwer Héicht vun der Anlag stinn op jiddwer Säit dräi jonk Platanen, deenen hir Haaptäscht, vun Tuteure begleet, sech horizontal ausbreeden, an och jee eng Robinie.

Um lénkse Bord vun der Anlag steet eng Plackett mat Informatiounen an dräi Sproochen (däitsch, lëtzebuergesch a franséisch).

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Vum Plange bis zum Bau vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

1918, dräi Joer nom Doud vum Paul Eyschen, huet de Fritz Mersch, deen Distriktskommissär op der Musel an och en enke Mataarbechter vum Eyschen war, d'Iddi vun dësem Monument lancéiert. D'Wënzerveräiner - d'Virleefer vun de Wënzergenossenschaften - hunn eng Souskriptiounslëscht opgemaach, a schonn am Hierscht 1918 waren d'Fongen (eppes méi wéi 50.000 Frang) zesumme fir de Bau vun engem Monument ze finanzéieren.

Déi schlecht Rekolten nom Éischte Weltkrich a virun allem och d'Devaluatioun vun de gesammelte Suen hu gemaach, datt de Projet op Äis geluecht gouf. 1925 gouf virgeschloen, d'Suen an eng Fondatioun Paul Eyschen ze verséieren an d'Zënsen dovun ze gebrauche fir jonke Wënzer eng Weiderbildung am Ausland ze finanzéieren. Anerer hu gemengt, dëst géif net dem Wëlle vun den Donateuren entspriechen. Eng Dose Joer duerno gouf de Projet vum Monument erëm opgegraff.

1930 huet d'Regierung dem Comité fir de Bau vum Monument, dee vum Distriktskommissär Fritz Mersch presidéiert gouf, e Staatswéngert um Flouer Stadbredemësser Fiels, a beschter Wäilag, zur Dispositioun gestallt. Vu Virdeel war, datt dës Plaz ausserhalb vun den Dierfer läit, also representativ fir d'ganz Musel ass.

D'Joer drop ass e Concours, dee fir Lëtzebuerger Kënschtler reservéiert war, ausgeschriwwe ginn. Ënner den 11 Projeten déi agereecht goufen, huet de Jury, dee vum bekannte Paräisser Konschtkritiker Auguste Perret presidéiert gouf, dee vum Jos Sünnen vu Bech-Maacher erausgesicht.

D'Monument gouf dunn nom Plang vum Sünnen, ënner der Leedung vum Architekt Pierre Conrardy[1] mat Steng aus dem Steebroch vun Iernzen (Lëtzebuerger Sandsteen) gebaut. (De Paul Eyschen hat zu Liefzäiten drop gehalen, datt Steng aus Lëtzebuerger Steebréch fir ëffentlech Baute sollte gebraucht ginn). D'Monument gouf vun der Entreprise Klopp vu Rolleng-Aassel gebaut. Am Hierscht 1933 war et fäerdeg. Mat der Aweiung gouf bis am Juni 1934 gewaart.

Aweiung[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Juni 1934 gouf d'Monument a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix ageweit. D'Regierung war vertrueden duerch de Staatsminister Joseph Bech, d'Chamber duerch hire President, den Émile Reuter. D'Riede goufe gehale vum Fritz Mersch, President vum Comité fir d'Monument (hien huet och d'Monument opgedeckt), an dem Joseph Bech (seng Ried gouf vu Radio Lëtzebuerg iwwerdroen). D'Alice Schaus-Arend huet e Lidd vum Willy Goergen a Fernand Mertens gesongen, an de Venant Paucké huet e Gedicht virgedroen, dat de Batty Weber (e Frënd vum Paul Eyschen) extra fir dësen Dag geschriwwen hat. Nodeem d'Militärmusek d'Dicksiana gespillt an d'Alice Schaus-Arend d'Heemecht gesongen hat, ass d'Feier mat enger Ovatioun vum Lëtzebuerger Paddelclub op der Musel op en Enn gaangen.

Restauréierung vun 1976[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument gouf am September 1976 eng éischt Kéier renovéiert.

Restauréierung vun 2004-2005[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun de Joerzéngten hat d'Gedenkplack erëm staark gelidden, zum Deel och wéinst enger net fachgerechter Versigelung vun de Steng.

D'Renovatiounsaarbechten, ënner der Opsiicht vu Ponts et chaussées, goufen den 30. August 2004 ugefaangen. D'Plantatioune ronderëm d'Monument goufen nei ugeluecht, woubäi sechs Platanen an zwou Robinie geplanzt goufen. Knapps ee Joer duerno, den 8. Juli 2005 gouf dat ‘neit’ Monument a Presenz vum Bauteminister Claude Wiseler, der Ëffentlechkeet virgestallt.

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de Steng ronderëm a besonnesch hanner dem Monument lieft eng bemierkenswäert Populatioun vu Sëlwerfëschelcher (Lepisma saccharina).[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • E. M. (Émile Marx), 1934. Das Eyschen-Denkmal an der Mosel. Gespräch mit Herrn Distriktssekretär Jos. Faber vor der Einweihung vom 17. Juni. A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr. 26 vum 17.6.1934.[1]
  • Einweihung des Eyschen-Denkmals an der Mosel. Escher Tageblatt 1934, Nr. 142 (18. Juni), S. 4. [2]; Escher Tageblatt 1934, Nr. 143 (19. Juni), S. 2. [3]
  • Léon Blasen, 1986."Als Dank vum Muselland": d'Monument fir dee fréiere Staatsminister Paul Eyschen tëscht Stadbriedemes an Éinen. Télécran, Jg. 8 Nr. 50, S. 26-30.
  • (asc): Zur Erinnerung an den langjährigen luxemburgischen Staatsmann: Eyschen-Denkmal erstrahlt in neuem Glanz. Neu errichtetes Bauwerk zwischen Hëttermillen und Stadtbredimus eingeweiht. Luxemburger Wort, 12. Juli 2005, S. 12. [4]
  • Milly Thill, 2005. Tëscht Stadbriedemes an Éinen. Allerlee ëm d'Paul-Eyschen-Denkmal. Luxemburger Wort, Die Warte Nr 23 | 2121, 14. Juli 2005. [5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Pierre Gilbert, 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres. 222 S. Imprimerie Saint-Paul. (Cf. S. 187).
  2. Lepisma saccharina ass eng Insektenaart, déi weltwäit heefeg a Wunnenge virkënnt, déi awer a Mëtteleuropa dobaussen nëmmen ausnamsweis, op besonnesch sonnege Plazen, iwwerliewe kann. Zu Lëtzebuerg si bis elo siwen där Statioune bekannt (Meisch 1974, 1977). Deeselwechten Auteur (onverëffentlecht) konnt am Juni 2009 d'Populatioun vun 1974 beim Monument erëmfannen.
    Meisch, C. 1974. Faune des Machilida et Thysanura du Grand-Duché de Luxembourg. Onverëffentlechte wëssenschaftleche Mémoire, 149 S. (Cf. S. 132).
    Meisch, C. 1977. Faune des Thysanoures du Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques 37 (années 1974-1976), S. 103-135.