Paul Lauterbur

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paul Christian Lauterbur)
Paul Lauterbur
Gebuer 6. Mee 1929
Sidney
Gestuerwen 27. Mäerz 2007
Urbana
Doudesursaach Nephropathie
Nationalitéit USA
Educatioun University of Pittsburgh,
Case Western Reserve University
Aktivitéit Chimist, Professer, Physiker, Biophysiker, Fuerscher
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, National Academy of Sciences, American Association for the Advancement of Science, American Physical Society

De Paul Christian Lauterbur, gebuer de 6. Mee 1929, gestuerwen de 27. Mäerz 2007, war en US-amerikanesche Cheemiker a Radiolog, deen 2003 zesumme mam Peter Mansfield den Nobelpräis fir Physiologie a Medezin kritt huet, fir seng Aarbechten, déi d'Entwécklung vun der Magnéitresonanztomographie (Magnetic Resonance Imaging, MRI) erméiglecht hunn.

Dem Paul Lauterbur seng Urgrousselteren, de Michel Lauterbour (Lauterborn) vu Bous a seng Fra, d'Anne Heber, sinn 1848 vu Lëtzebuerg an de Seneca County, Ohio, ausgewandert. Hie selwer ass zu Sidney, Ohio, gebuer an opgewuess an huet do seng Highschool gemaach. Hien huet duerno op der Case Western Reserve University zu Cleveland an op der University of Pittsburgh studéiert.

Seng Fuerschungsaarbechten, fir déi en den Nobelpräis kritt huet, huet hien op der State University of New York at Stony Brook gemaach. Hie war, bis zu sengem Doud, Professer op der University of Illinois at Urbana-Champaign.

Dem Lauterbur an dem Mansfield hir Recherchen hunn dozou gefouert, datt magnéitesch Kärresonanz (Nuclear magnetic resonance, NMR), déi bis dohi just agesat gouf, fir d'cheemesch Struktur vu Substanzen z'erfuerschen, och agesat konnt gi fir Biller vum Kierper ze produzéieren. Dobäi huet de Lauterbur Gradianten an d'Magnéitfeld agefouert, déi et erlaben, den Urspronk vun de Radioswellen ze bestëmmen, déi vun den Atomkäre vum Objet, deen ënnersicht gëtt, ausgestraalt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Lauterbur – Biller, Videoen oder Audiodateien