Paul Dahm
De Paul Dahm, gebuer den 30. Dezember 1951 zu Nidderkäerjeng ass e lëtzebuergesche Komponist a Museker, deen zu Märel wunnt.
Säi Liewen [änneren]
Vun 1959 bis 1965 a vun 1969 bis 1977 besicht hien den Escher Conservatoire. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Piano, Saxophon, Klarinett a Flütt. Vun 1965 bis 1975 mécht hien Uergel, Harmonie, Kontrapunkt a Musekgeschicht am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.
1974 kënnt hien als Saxophonist an d'Militärmusek wou hien 1978 d'Big Band grënnt. Als Museker huet hie mat praktesch alle Museker an a ville Bands geschafft. Vu 1987 un ass hie Chargé de cours an der Péitenger Musekschoul wou e Saxophon, Jazz, an Harmoniecoursen hält an eng Big Band opbaut déi mat vill Succès optrëtt. Vu 1992 un dirigéiert hien déi nei gegrënnten Douane's Musek fir déi e ganz vill Arrangementer schreift.
Säi Wierk [änneren]
Déi meeschte Stécker si vun der Militärmusek opgeholl ginn
- Happy Marching
- Buergmarsch (Prix Grand-Duc Adolphe)
- De Kordallmarsch (2. Präis fir d' 200 Joerfeier vun der Gemeng Péiteng)
- Accord de Schengen (Prix Grand-Duc Aldophe)
- Just for Fun
- Marche des Douanes et Accises
- D'Kaweechelchen
- D'Walfer Kasären (Text: Pol Pütz)
- Famill '94 (Ministère de la Famille)
- Family of Man (CD Lieux de mémoire et d'avenir Canton Clierf)
- Wormer Marsch
- Om Knapp (50 Joer Biwer Musek)
- De Iuventute (Freedefeier 2004)
- Marche du 100. anniversaire de la Fanfare Sandweiler
- Marche Grande-Duchesse Maria-Teresa
- Lucilinburhuc (100 Joer Merter Musek)
- Bonnevilla (50 Joer Fanfare Prince-Henri)
- Aus der Déift (Prix d'encouragement Union St. Pie X)
- Vu Fonken an Äschen (100 Joer Neiduerfer Musek)
- 100 Jor Stad Déifferdeng (Text: Fränz Goergen)
- Pësselbuer Suite (125 Joer Fanfare Niederkorn)
- Kordall Memories (100 Joer Harmonie Municipale Pétange)
- For Diffwinds (Diffwinds Festival 2010)
- Millemarsch (50 Joer Fanfare Huncherange-Noertzange-Fennange)
- Paul Dahm meets Johann Sebastian Bach (Freedefeier 2010)
- Rippsmarsch (2013)
- Kompositioune fir Big Band
Iwwer 200 Arrangementer fir Big Band, Sträichorchester, Blosorchester asw. Déi meescht Wierker si beim hollännesche Verlag Bronsheim opgeluecht.