Paul Finet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Paul Finet gebuer 1897 zu Montignies-sur-Sambre , gestuerwen den 18. Mee 1965 zu Lëtzebuerg war e belsche Gewerkschafler. Vu 1952 bis 1958 war hie Member a vu 1958-1959 President vun der Héijer Autoritéit vun der CECA.

Als Gewerkschaftler an néngten Member war hien 1952 vu sengen 8 Kollegen, déi vun de Memberslänner genannt waren, kooptéiert ginn. Zesummen hu se den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Funktiounen opgeholl.

Säi Liewen a säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Finet war e self made man. Seng Carrière huet en ugefaangen als Metallaarbechter. Direkt nom Zweete Weltkrich ass e vum Internationale Bond vun de Fräie Gewerkschaften zu hirem President gewielt ginn. Hie war Gewerkschaftler duerch an duerch. An der Héijer Autoritéit huet hie sech intensiv fir d'Intérête vun den Aarbechter an hire Famillen agesat. Wann d'Héich Autoritéit vill um Gebitt vun der Ëmschoulung, der Ënnerstëtzung vun Affer vun Accidenter, der Bekämpfung vun de Beruffskrankheeten an dem Bau vun Aarbechterwunnenge gemaach huet, dann hat de Paul Finet dorun e grousse Verdéngscht.

Hien hat och d'Vertrauen vun de Regierunge vun de Memberslänner. De Bewäis dofir war, datt hien 1957, wéi d'Kuelekris ausgebrach ass, zum President vun der Héijer Autoritéit bestëmmt gouf, eng Funktioun, déi hie bis 1959 ausgeübt huet. Och no senger Aktivitéit an den europäesche Gremie war hie viru gewerkschaftlech aktiv. Hie gouf den 18. Mee 1965, matzen an der Aarbecht aus dem Liewe gerass, am Alter vun nëmmen 68 Joer. Hie gouf um Nikloskierfecht begruewen.

De President Paul Finet an d'Sëtzfro[änneren | Quelltext änneren]

Als President vun der Héijer Autoritéit war de Paul Finet och vum President vum Europäesche Ministerrot Victor Larock gebiede ginn, fir en Avis iwwer d'Sëtzfro ofzeginn. Zesummegfasst, huet hien a sengem Bréif vum 19. Juni 1958 déi folgend Stellung bezunn:

  • Hien huet sech fir en eenzege Sëtz (Siège unique) fir sämtlech Instutiounen ausgeschwat.
  • Hien huet fir d'Kreatioun vun engem District fédéral plaidéiert.
  • Hien huet Bréissel als Siège unique proposéiert, an der Hoffnung, datt déi belsch Autoritéiten do en District fédéral géife schafen

Liest de Bréif, deen den Europäesche Centre de recherche ENA elo fräi ginn huet

Fir seng grouss Verdéngschter am soziale Beräich ze honoréiere gouf eng Stëftung vun der CECA op den Numm Fondation Paul Finet gedeeft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]