Paul Godchaux

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Paul Godchaux
Gebuer 30. Oktober 1844
Sandweiler
Gestuerwen 9. Oktober 1888
Schläifmillen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Monument um Hammer Kierfecht.

De Paul Godchaux, gebuer den 30. Oktober 1844 zu Sandweiler a gestuerwen den 9. Oktober 1888 op der Schläifmillen[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker. Hie war de Jong vum Guetschlik Godchaux an Neveu vum Samson Godchaux.

Vum 30. Januar bis den 31. Dezember 1873 war de Paul Godchaux Buergermeeschter vun der Gemeng Sandweiler[2] a gouf duerno, 1874, den éischte Buergermeeschter vun der nei gegrënnter Gemeng Hamm. Hien ass dat bis zu sengem Doud am Joer 1888 bliwwen.

Hie war eng Zäit laang Commandant vum Pompjeescorps Schläifmillen.

Um Kierfecht zu Hamm gouf e Monument a Form vun engem Sarkophag fir hien opgeriicht. Et dréit d'Inscriptioun La commune de Hamm à son bourgmestre Paul Godchaux décédé à Schleifmühl le 9 octobre 1888 à l'âge de 44 ans. REP.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Schläfmillen op der Kadasterkaart, huet deemools zur Gemeng Hamm gehéiert, ier déi 1920 mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet
  2. Du 30 janvier au 31 décembre 1873, Paul Godchaux, industriel de la Schleifmühle, occupait le poste de bourgmestre de la commune de Sandweiler. En raison de son engagement, Hamm fut déconnecté de la commune de Sandweiler. Par la loi du 20 décembre 1873, la localité de Hamm avec les lieux Schleifmühle, Pulvermühle, Hammertälchen, Fetschenhof, Cents, Tavion, Scheidgrund et Scheidhof fut transformée en commune autonome à part entière.sandweiler.lu
  3. Memorial A n° 13 vun 1878 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen