Paul Helminger

Vu Wikipedia
Paul Helminger
Gebuer 28. Oktober 1940
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 16. Abrëll 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei
Famill
Kanner Thierry Helminger

De Paul Helminger, gebuer den 28. Oktober 1940 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 16. Abrëll 2021[1], war e lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler, Manager an DP-Politiker. Hie war 12 Joer laang Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Krich ass seng Famill vun Esch an d'Stad op de Belair geplënnert, wou hien och an d'Primärschoul gaangen ass. No sengem Première-Examen am Kolléisch huet hien 1959 op der Sorbonne zu Paräis ugefaangen Droit ze studéieren, woumat hien 1963 fäerdeg war. Dat selwecht Joer krut hien um Institut d'études politiques, och zu Paräis, säin Diplom an Internationale Bezéiungen. 1964 huet hien nach en Doktorat a Rechtswëssenschaften zu Lëtzebuerg gemaach, ier hien op d'Universitéit vun Stanford an den USA gewiesselt ass, fir do en Master an de Politikwëssenschaften ofzeschléissen.

1966 huet de Paul Helminger eng diplomatesch Karriär ugefaangen an huet Lëtzebuerg bei der KSZE (Konferenz iwwer Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa) zu Helsinki an zu Genf vertrueden, ier en 1974 Chef de cabinet fir de Gaston Thorn gouf. An der Regierung Werner-Thorn-Flesch war hie vun 1979 bis 1984 Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun, Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand, a Staatssekretär fir Justiz.

Hie war vum 23. Juli 1984 bis den 8. Juni 1989 als Deputéierten an der Chamber. Dat Mandat huet hien zanter dem 18. Juli 1994 all 5 Joer op en Neits vum Wieler confirméiert krut. Am Juni 2012 huet hie säi Mandat néiergeluecht fir sech aus der Politik zeréckzezéien.[2]

Vun 1984 bis 1989 war hie Generaldirekter vun der Firma Computerland Europe.

1987 gouf en an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Hie gouf 1991 Schäffen an 1999 Buergermeeschter vun der Stad, 1999-2004 a Koalitioun mat der CSV, 2005-2011 mat deene Gréngen.

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien op der Lëscht vun der DP zweetgewielten hanner dem Xavier Bettel. Doropshin huet de Paul Helminger annoncéiert, sech aus der Gemengepolitik zeréckzezéien.[3]

De Paul Helminger war President vun der SIDOR.[4] Hie war zanter dem 14. Mee 2012 President vum Verwaltungsrot vun der Luxair a gouf am Januar 2013 och an déi selwecht Funktioun bei der Cargolux nominéiert[5] Hie war och Verwaltungsrotsmember vun der Brasserie Nationale, Société Européenne de Banque, Intesa Sanpaolo Holding International, SnapSwap, Allfin Holding, Pirelli Finance an ZithaKlinik.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Helminger war bestuet, Papp vu siwe Kanner an huet an der Stad Lëtzebuerg gewunnt.

Vun 1994 bis 2003 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de tennis. Hie war Éierepresident vun der Associatioun vun de Modelleisebunner.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Helminger – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Lydie Polfer
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1999 - 2011
Nofollger:
Xavier Bettel  

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Annonce am Luxemburger Wort vum 21. Abrëll 2021, S. 44
  2. "Paul Helminger huet seng Demissioun an der Chamber agereecht." RTL.lu - 06.07.2012, 17:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.07.2012, 17:32.
  3. "Stad: Bettel Buergermeeschter, awer net Fraktiounspresident." RTL.lu, 10.10.2011, 18:58, Fir d'lescht aktualiséiert: 11.10.2011, 10:10.
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2010-05-14. Gekuckt de(n) 2009-11-20.
  5. "Cargolux-Verwaltungsrot: Helminger neie President." RTL.lu - 15.01.2013, 07:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.01.2013, 16:16.
  6. La chambre des députés du grand-duché de Luxembourg - Compte rendu des séances publiques N°15 • Session ordinaire 2009-2010 S. 1 kuckt op http://www.chd.lu/wps/portal/public/CompteRenduDesSeances
  7. Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  8. L.W. vum 16. November 2013 L'ordre du «mérite européen» pour Paul Helminger, Christine Lieberknecht et Elmar Brok