Paul Herget

Vu Wikipedia
Paul Herget
Gebuer 30. Januar 1908
Cincinnati
Gestuerwen 27. August 1981
Cincinnati
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vun Cincinnati
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences

De Paul Herget, gebuer den 30. Januar 1908 zu Cincinnati, Ohio an och do gestuerwen de 27. August 1981, war en US-amerikaneschen Astronom.

Hien huet Astronomie op der University of Cincinnati am US-Bundesstaat Ohio studéiert. 1947 initiéiert hien do d'Grënnung vum Minor Planet Center, dat hie bis zu senger Pensioun am Joer 1978 geleet huet. Nom Krich gouf hien Direkter vum Cincinnati Observatory.

Hie war och Pionéier an der Uwennung vu Rechemaschinne fir d'Léisung vu wëssenschaftlechen an astronomesche Problemer (z. B. der Berechnung vun Ephemeride fir Asteroiden). Wärend dem Zweete Weltkrich huet hien déi Fäegkeeten ausgenotzt, fir feindlech U-Booter duerch Methode vun der sphärescher Trigonometrie opzesichen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid (1751) Herget gouf no him genannt.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) Kuerze Curriculum vum Paul Herget op der Websäit vun der Columbia Universitéit, New York