Paul Kayser

Vu Wikipedia
Paul Kayser
Gebuer 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kierchemuseker
De Paul Kayser op der Haupt-Rieger-Uergel an der Kathedral

De Paul Kayser, gebuer de 14. Februar 1979 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Organist a Komponist.[1]

Seng musikalesch Grondausbildung krut hie vun 1985 un am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, haaptsächlech an de Fächer Solfège, Gei, Piano, Uergel, Uergelimprovisatioun, Harmonie, Kontrapunkt, Kompositioun, Gregorianik an Direktioun (Chouerleedung).

De Paul Kayser huet duerno Kierchemusek a kënschtleresch Ausbildung op der "Staatliche Hochschule für Musik und darstellende Kunst" zu Frankfurt am Main studéiert, ë. a. an de Klasse vum Prof. Martin Lücker an dem Prof. Daniel Roth (Uergel), dem Prof. Gerd Wachowski (Liturgescht Uergelspill), dem Prof. Winfried Toll (Direktioun) an dem Prof. Godehard Joppich (Gregorianik). Duerno huet e weider Uergelimprovisatioun studéiert op der "Universität der Künste" zu Berlin beim Prof. Wolfgang Seifen. Donieft huet en u ville Mastercouren deelgeholl, notamment beim Jean Boyer, Thierry Escaich, Lorenzo Ghielmi, Naji Hakim, Olivier Latry, Loïc Mallié, Peter Planyavsky a Gillian Weir.

De Paul Kayser krut eng ganz Rei Präisser, z. B. 2001 beim Concours ëm de "Förderpreis für Orgelimprovisation des Internationalen Orgelfestivals Fugato in Bad Homburg v. d. Höhe" an 2007 beim internationale Festival "Orgel ohne Grenzen" (2. Präis a Publikumspräiss).

De Paul Kayser huet Uergel, Uergelimprovisatioun, Harmonie a Gregorianik an de Museksschoule vun Iechternach a Käerjeng enseignéiert (2004-2019), a war Organist an der Iechternacher Basilika (2007-2018), an der Porkierch St-Martin zu Diddeleng (1998-2010) an an der Stater Häerz-Jesu-Kierch (1995-2001). Haut ass hien Titularorganist an der Paterkierch an der Stad Lëtzebuerg (säit 1995). Do huet hien, vu Summer 2010 bis zum Ufank vum Chantier am Klouschter 2014, all Woch ee «Moment Musical» gespillt.

Säit Oktober 2018 enseignéiert hien Musek am Dikrecher Kolléisch, wou hie 2021 fest nominéiert ginn ass.

Donieft spillt hie reegelméisseg Concerten zu Lëtzebuerg an am Ausland, mécht Opname fir de Radio a schafft mat bei CD- an DVD-Produktiounen. Fir de Juli 2011 gouf hien invitéiert, fir eng vun de bekannten Uergelauditiounen an der Kathedral Notre-Dame vu Paräis ze spillen.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • "Schau heil'ger Apostel". Paul Kayser improvisiert über Themen der Springprozession und des heiligen Willibrord. 2011.
  • "Une reine et une princesse". Paul Kayser aux Grandes Orgues Stahlhuth de Dudelange et Wilwerwiltz. 2012.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Quatuor à Cordes (2008)
  • Missa in memoriam Carlo Hommel pour orgue, orchestre et solistes (2007)
  • Nocturne pour orchestre (2006)
  • Séquence pour flûte et orgue (2005)
  • Psalm 88 für Orgel und Saxophon (2004)
  • Liederzyklus nach W. Blake für Mezzosopran und Klavier (2001)
  • Contrastes pour orgue (2003)
  • Dialogue pour violon et orgue (2001)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Kayser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon S. 205