Paul Kieffer

Vu Wikipedia
Paul Kieffer
Gebuer 16. Mäerz 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Paul Kieffer, gebuer de 16. Mäerz 1957 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Journalist, Film- an Theaterregisseur.

De Paul Kieffer huet um CUEJ zu Stroossbuerg Journalismus studéiert, an duerno bei RTL Radio Lëtzebuerg als Noriichte-Journalist a -Speaker geschafft, ier e sech als Journalist selbstänneg gemaach huet.

1986 war hien ee vun de Grënnungsmembere vu Samsa Film, der Produktiounsgesellschaft vu Die Reise das Land, sengem éischte Film, deen en zesumme mam Frank Hoffmann realiséiert huet. Déi zwéin hunn och d'Dréibuch vu Schacko Klak (1989) geschriwwen.

Tëscht 1993 an 1994 war hien Direkter vum Soziokulturelle Radio 100,7. Duerno huet hie Regie bei enger bis ewell 15 Theaterstécker gefouert.

Hien huet och eng sëllege Reportagen a Court-métragë gemaach, dorënner De Präis vun der Fräiheet (1987), 2 Filmer aus der Serie Portraits d'artistes (1996 an 1997), Ma vie au Congo (2001) an D'Lëtzebuerger am Tour de France (2002).

2007 koum säi Spillfilm Nuits d'Arabie eraus.