Paul Kutter
De Paul Robert Kutter, gebuer de 5. Oktober 1863 zu Flums (Sankt-Gallen) a gestuerwen de 15. Mäerz 1937 an der Stad Lëtzebuerg, war e schwäizer-lëtzebuergesche Fotograf.
1883 huet hien op Nummer 6 an der Rue Wiltheim an der Stad Lëtzebuerg e Fotostudio opgemaach. 1904 huet hie säi Geschäft op 3, rue du Génie (haut Avenue Monterey) geplënnert, wou de Charles Bernhoeft bis 1903 als Fotograf geschafft huet.[1]
De Paul Kutter war de Papp vum Edouard Kutter (1887–1978) an dem Bernard Kutter (1889–1961), déi allenzwéin och Fotografe waren; dem Moler Joseph Kutter (1894–1941), dem Paul Kutter jr. (1899-1941) an der Catherine Kutter (1891–1958). Den Edourd, wéi och deem säi Jong, deen och Edouard heescht, hunn de Fotosatelier nom Paul Kutter sengem Doud virugfouert.[1]
D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt Fotoe vum Paul Kutter.
Referenzen [änneren]
- ↑ 1,0 1,1 René Clesse, "Geschichtsschreibung mit der Kamera: Die ersten Photographen unserer Hauptstadt". Ons stad Nr 45, 1994, S.6-12. Gelies de 26. November 2010.