Paul Lenert

Vu Wikipedia
Paul Lenert
Gebuer 17. Mee 1965
Gréiwemaacher
Gestuerwen 2. Abrëll 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Harvard Business School
Aktivitéit Ekonomist
Famill
Papp Roger Lenert

De Paul Lenert, gebuer de 17. Mee 1965 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 2. Abrëll 2022[1], war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Journalist.

De Paul Lenert huet, no senger Première am Lycée Michel-Rodange, zu Stroossbuerg op der Université Louis-Pasteur Ekonomie studéiert, a zäiteg Coursen op der New Yorker Columbia University an der Harvard Business School beluecht.

Am Januar 2010 gouf de Paul Lenert als Generaldirekter vun der Medienentreprise Saint-Paul Luxembourg s.a. an zum Direkter vun de Publikatiounen a Redaktioune vu Saint-Paul, dorënner dem Luxemburger Wort, genannt.[2]

Seng journalistesch Karriär huet hien 1984 als Korrespondent ugefaangen. 1991 ass hie Journalist ginn an huet fir d'Lokalredaktioun vum Luxemburger Wort geschriwwen. 1995 huet de Paul Lenert an d'Wirtschafts- a Finanzredaktioun gewiesselt, wou hien 1997 Rubrikechef ginn ass. 2002 gouf hien zum stellvertriedende Chefredakter vum Wort ernannt an 2004 gouf hie Sous-Direkter.[3] 2006 gouf hie stellvertriedenden Direkter vu Saint-Paul Luxembourg an ee Joer drop stellvertriedende Generaldirekter. Vum 1. Juli 2009[4] bis den 3. Mee 2013 war de Paul Lenert, als Nofollger vum Léon Zeches, Generaldirekter vu Saint-Paul Luxembourg s.a. a Chefredakter vum Luxemburger Wort[5].

2014 gouf hie Generaldirekter vu SkyCom Telematics Systems SARL vun Nidderdonwen.

De Paul Lenert war bestuet a Papp vun zwee Kanner. Hie war de Jong vum fréieren CSV-Deputéierten a Buergermeeschter Roger Lenert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Paul Lenert ist tot.". wort.lu, 2. Abrëll 2022.
  2. "Luxemburger Wort hat neuen Direktor und neuen Chefredakteur" Luxemburger Wort December, 2009
  3. "Paul Lenert neuer Generaldirektor" Luxemburger Wort Juni, 2009
  4. "Change of guard at Wort confirmed" paperJam Juni, 2009
  5. "Medienunternehmen Saint-Paul will sich neu erfinden"