Paul Leuck

Vu Wikipedia
Paul Leuck
Gebuer 12. Abrëll 1914
Jonglënster
Gestuerwen 13. Februar 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Animateur, Radiosspeaker


De Paul "Pol" Leuck, gebuer den 12. Abrëll 1914 zu Eesebuer, a gestuerwen den 13. Februar 1991 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Journalist.

De Paul Leuck war de Jong vun engem loutrengesche Mëller zu Eesebuer, a gouf duerch Optioun Lëtzebuerger. Dat war mat eng vun den Ursaache fir säin Engagement fir d'europäesch Vereenegung, fir déi e sech staark agesat huet. No der Première war en an der Fortuna an en ass matgaangen Assurancë maachen. E laange Wanter huet en Zënse gerechent. Dorun huet e sech ëmmer mat Schrecken erënnert. Mä en huet gesot dat alles wier eng gutt Virbereedung op säi journalistesche Beruff gewiescht, well e ganz vill d'Leit kenne geléiert huet. E sollt an d'Wort kommen, mä du koum de Krich.

Am Krich war en am Aarbechtsamt an en huet vill Jongen d'Liewe gerett, well e se duerch falsch Aarbechtsbicher bei de Bauer geschéckt a se domat aus dem Verkéier gezunn huet.

Duerno war e Matgrënner vun der Revue, wou hien als Journalist ë. a. de "Landbuet" gemaach huet an dobäi nach Korrespondent bei JungLuxemburg war.

Méi bekannt wéi an der geschriwwener Press gouf de Paul Leuck duerch de Lëtzebuerger Programm vun RTL Radio Lëtzebuerg. De Paul Leuck war Matgrënner vun de lëtzebuergesche Radiosemissiounen an der Nokrichszäit. Als éischte lëtzebuergesche Radiosspeaker nom Krich huet e gesot "Hei ass Radio Lëtzebuerg" a Sichaktiounen duerchginn. E war och laangjärege Mataarbechter vu Radio Saarbrücken.

Seng éischt Sendungen, déi hie vum 1. Oktober 1944 u geschwat huet, hu Welcome to our Friends geheescht. E war Sportsreporter a Reporter vun alle méiglechen Evenementer. En huet och d'Sendung "Lëtzebuerger Leit a Saachen an der aler Zäit", an am Ufank Lauschterspiller gemaach. Donieft huet e jorelaang eng Zaldotenemissioun an eng Krankenemissioun moderéiert.

Wéinst der Zaldotenemissioun war de Paul Leuck och nach Majouer an der Lëtzebuerger Arméi. Dës war méi wéi eng Wonschsendung, well et ass drëm gaange fir d'Arméi nom Krich bei de Leit salonfäeg ze maachen an de Kontakt zwëscht de Jongen an de Familljen ze halen an opzebauen. 1967, mat dem Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht hat dunn och fir d'Zaldotestonn d'Klack gelaut.

Genee 35 Joer laang war de Leuck Noriichtespriecher a politesche Kommentator. E war bekannt fir seng defteg Riedensaart a säi strammen Anti-Kommunismus.

Och beim Film Un beau petit pays war e Conseiller artistique a beim Jean-Pierre Kemmer war en Intervenant.

Als Gewerkschaftler war en zesumme mat Kleins Jeng de Grënner vun der Beamtesektioun vum LCGB. D'Personal vum RTL verdankt hinnen hire éischte Kollektivvertrag.

1972 krut hie fir säin europäeschen Engagement d'sëlwer Medail vum Mérite européen.

Nodeem hien den 1. Oktober 1979 an d'Pensioun gaange war, huet hien nach jorelaang eemol d'Woch d'RTL-Radiosemissioun "Politik um Sonndeg" gemaach.

Den 13. Februar 1991, op Äschermëttwoch, ass de Paul Leuck an enger Stater Klinick un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

De Paul Leuck war bestuet mat der Albertine Pleger an hat zwee Meedercher, d'Mariette an d'Monique.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]