Paul Matthieu Hermann Laurent

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Matthieu Paul Hermann Laurent, gebuer den 2. September 1841 zu Iechternach, a gestuerwen den 19. Februar 1908 zu Paräis, war e franséische Mathematiker.

[änneren] Säi Liewen

Seng Eltere waren den Auguste Laurent an d'Francine Schrobilgen, Duechter vum Mathieu-Lambert Schrobilgen. Gebuer gouf den Hermann zwar zu Iechternach, ass awer zu Bordeaux opgewuess, wou säi Papp, e bekannte Chemiker, op der Universitéit dozéiert huet. No deem sengem Doud, 1853, huet hien op der École polytechnique zu Paräis an op der École d'application zu Metz studéiert. Du war hien an der Arméi, déi hien 1865 als Offizéier verlooss huet. Vun 1862 un huet den Hermann Laurent mathematesch Aarbechten verfaasst, déi éischt gouf 1865 publizéiert. 1866 ass hien no senger Dokteraarbecht op der Polytechnique ugestallt ginn. Dës Plaz huet hien 1870-1871 nees opginn, well hien am Däitsch-Franzéische Krich erëm an der Arméi aktiv gouf.

No 1871 huet den Hermann Laurent och als Versécherungsmathematiker geschafft. 1889 gouf hie Professer an der Paräiser École agronomique. 1905 krut hien d'Légion d'honneur. Den Hermann Laurent ass den 19. Februar 1908 zu Paräis gestuerwen.

[änneren] Mathematesch Aarbechten

Dem Hermann Laurent säin éischt Wierk vun 1862 huet Traité des séries geheescht, 1865 huet hie säin Traité des résidus publizéiert. Hien huet 30 Bicher a vill kleng Publikatioune verfaasst, an huet sech och mat der Geometrie an der Statistik beschäftegt.

[änneren] Literatur

  • Robert Stumper (1962). Luxemburger Wissenschaftler im Ausland. Verbesserter und ergänzter Abdruck aus der Wochenschrift "d’Letzeburger Land". 114 S. Dréckerei Bourg-Bourger, Luxembourg.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen