Paul Noesen

Vu Wikipedia
Paul Noesen
De Paul Noesen, fotograféiert vum Paul Kutter.
Pseudonym Montanus
Gebuer 28. Juni 1891
Ierpeldeng
Gestuerwen 27. September 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller
Famill
Kanner Léon Noesen, Josy Noesen
Gebuertshaus vum Paul Noesen zu Ierpeldeng[1]
D'Strooss an där d'Gebuertshaus vum Paul Noesen steet (fréier Hiel)

De Paul Noesen, gebuer den 28. Juni 1891 zu Ierpeldeng bei Bous, a gestuerwen de 27. September 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.

De Paul Noesen, deen aus enger Wiewer- a Wënzerfamill gestaamt huet, ass no senger Uewerprimärschoul, déi en zu Réimech gemaach hat, op Ettelbréck an d'Akerbauschoul gaangen. Duerno war hien op der Normalschoul a mat 18. Joer war hie Schoulmeeschter.

Seng éischt Plaz war zu Mierschent. Sechs Joer duerno gouf e Schoulmeeschter a Clausen, fir e puer Joer méi spéit an d'Aldringerschoul ze kommen. Mat zwou Ënnerbriechungen ass hien do bliwwe bis zu senger Pensioun am Joer 1954.

Hie war de Papp vum Josy (1920-1944) a Léon Noesen (1923-1996) an de Schwoer vum Franz Binsfeld.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Aus stillen Winkeln (Lies mich, 5. Band). Heimaterzählungen. Illustrationen mit Original-Linoleumschnitten von Nico Klopp. 1926, St. Paulus-Druckerei
  • Rebengrün und Ginstergold (Lies mich, 6. Band). Heimaterzählungen. Illustrationen mit Original-Linoleumschnitten von Nico Klopp. 1928, St. Paulus-Druckerei
  • Die Reiherjagd und andere Geschichten. 1931, Worré-Mertens
  • D'Land önnerem Rébo'. E Buch fir Letzeburger Kanner, zesumme mam L. Senninger; il. Leo Loschetter. 1944, St. Paulus Druckerei, Luxemburg
  • Bedrängte Heimat. 1946. St. Paulus-Druckerei
  • Briefe um ein Bildnis. 1946, Buchdruckerei P. Linden
  • Geschichte der luxemburger Jugendliteratur. 1951, St. Paulus-Druckerei
  • Besonnte Dinge. 1952, St. Paulus-Druckerei

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Nom Paul Noesen benannt[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. als Gebuertshaus uginn an der Broschür Ierpeldenger Gipswee vun der Gemeng Bous
  2. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-01-06.