Paul Pierre Henry

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D’Gebridder Paul-Pierre Henry, gebuer den 21. August 1848 a gestuerwen de 4. Januar 1905 an de Prosper Mathieu Henry, gebuer den 10. Dezember 1849 a gestuerwen de 25. Juli 1903 waren franséisch Optiker an Astronomen.

Nom Doud vum Jean Chacornac waren déi béid Bridder mat der Fäerdegstellung vu Stärekaarte beoptragt ginn. Fir d’Aufgab ze erliichteren hunn sech déi béid der Fotografie bedéngt. Déi heizou noutwendeg Instrumenter, aschléisslech de groussen Objektive, haten si selwer hiirgestallt. Hinnen ass déischnell Entwécklung vun der Astrofotografie am 19. Joerhonnert wiesentlech ze verdanken.

Si hunn etlech Teleskope an aner astronomesch Instrumenter hirgestallt. Am Observatoire vu Paräis hat jiddfereen vun de Bridder siewen Asteroide entdeckt (kuckt Lëscht vun den Asteroiden). Am November 1885 entdeckten si fir d’alleréischt fotografesch de Reflexiounsniwwel ëm d’Plejaden.

Zu Éieren vun de Bridder gouf en 42 km grousse Moundkrater Henry Freres genannt, wéi och den Asteroid (1516) Henry.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen