Paul Van Hoeydonck

Vu Wikipedia
Paul Van Hoeydonck
Gebuer 8. Oktober 1925
Antwerpen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Moler, Sculpteur

De Paul Van Hoeydonck , gebuer den 8. Oktober 1925 zu Antwerpen, ass e belsche Kënschtler, deen ë. a. Molereien, Zeechnungen, Collagen, Skulpturen a Graphike geschaf huet.

Hien ass deen éischten a bis ewell eenzege Kënschtler, vun deem et e Konschtwierk um Mound gëtt.

De Fallen Astronaut um Mound.

Fallen Astronaut[änneren | Quelltext änneren]

1971 huet de Paul Van Hoeydonck e Konschtwierk geschaf, dat e Fallen Astronaut genannt huet. Et ass dëst eng kleng Aluminiums-Skulptur vu ronn 8,5 cm vun engem schematisiéierten Astronaut. Se gouf vun der Moundmissioun Apollo 15 mat op de Mound geholl an do an de sougenannten Hadley-Apenninen op de Moundbuedem geluecht. Allerdéngs hunn d'Astronauten David Scott an James Irwin nieft d'Skulptur och eng Plack opgestallt, op där d'Nimm vun den 8 amerikaneschen Astronauten a 6 sowjetesche Kosmonaute stinn, déi bei Raum- oder Moundflich (oder Trainingsflich) ëm d'Liewe koumen. Den Hoeydonck ass dat vun der Plack eréischt nodréiglech gewuer ginn, a war net frou iwwer déi Ëmdeitung vu sengem Wierk, dat fir hien ursprénglech den Opbroch no neie Welten hätt solle symboliséieren[1].

Eng Kopie vum Fallen Astronaut ass ë. a. am Euro Space Center zu Transinne an am Musée fir modern Konscht zu Oostende ze gesinn.

Do donieft huet hien eng ganz Rëtsch aner Konschtwierker geschaf, déi haut Deel vu wichtege Kollektiounen a Muséeën an Europa an Amerika sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • documenta III. Internationale Ausstellung; Katalog: Band 1: Malerei und Skulptur; Band 2: Handzeichnungen; Industrial Design, Graphik; Kassel/Köln 1964
  • Van Hoeydonck, Paul/ Bussche, Willy: Paul Van Hoeydonck; Brüssel 1982

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Christian du Brulle: La Lune, une belge cimaise. Le Soir 17.07.2009, S.19.