Paul Verlaine
De Paul Verlaine, gebuer den 30. Mäerz 1844 zu Metz a gestuerwen den 8. Januar 1896 zu Paräis, war e franséischen Auteur.
De Paul Verlaine war nëmme kuerz Gemengebeamten zu Paräis wéi hie sech schonn dem Alkohol erginn huet. Dorun an u senger intimer Frëndschaft mam Arthur Rimbaud ass säi Bestietnis no kuerzer Zäit zerbrach. Déi Zwéi sinn duerch Nordfrankräich, d'Belsch an England gezunn, bis 1873 de Paul Verlaine den Arthur Rimbaud an engem Sträit ugeschoss huet an dofir zwee Joer an de Prisong huet misse goen.
Am Prisong huet hie sich zum Katholizismus bekéiert an huet trotzdem no senger Entloossung aus dem Prisong keen Uschloss un dat biergerlecht Liewe fonnt.
De Paul Verlaine war als Dichter schonn unerkannt, ass awer nees dem Soff verfall an ass no senge leschte Joren a Bistroten a Klinike verlooss a verkomm gestuerwen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Paul Verlaine – Biller, Videoen oder Audiodateien |