Paul Veyne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Paul Veyne, gebuer den 13. Juni 1930 zu Aix-en-Provence, ass e franséischen Historiker, deen sech an der antiker réimescher Geschicht spezialiseiert huet. Hien ass Member vun der Ecole française de Rome an Éiereprofesser am Collège de France.

Seng Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

Dem Paul Veyne seng Mamm war aus dem Piémont, méi genee aus Cuneo. Säi Papp koum vun der Baronnies aus der Drôme. D'Famill vum Paul Veyne war net aarm an net räich. Et huet hinnen un näischt gefeelt. A senger Autobiographie "Le quotidien et l'intéressant" gëtt de Paul Veyne un datt hie méi vu senger Groussmamm vu senger Mamm hirer Säit erzu ginn ass. Domat konnt de Paul Veyne scho fréi Italienesch verstoen, wat him spéiderhin zum Virdeel wiert sinn. Schonn a jonkem Alter huet hie sech fir d'Antikitéit interesséiert.

Am Alter vun aacht Joer huet de jonken Paul Veyne e Stéck vun enger antiker griichescher Amphora zu Cavaillon fonnt[1]. Mat 12 Joer ass e mat engem Kolleg regelméisseg den archeologesche Musée vun Nîmes besiche gaangen. An engem spéideren Interview gouf hie souguer zou, datt en d'Schoul geschwänzt hat fir an de Musée ze goen. D'antik Welt mat hire Gëtter, hire Kleeder (Togen an Tuniken), d'Statuen an d'Tempelen hunn hie scho ganz fréi begeeschtert. An engem Interview sot de Veyne datt dës Begeeschterung fir déi réimesch antik Welt mat senger Angscht vun de chrëschtleche Geeschter zesumme gehaangen huet. Mat 10 Joer hat de Paul Veyne a sengem Latäinsbuch eng Säit opgeschloen wou d'griichesch Gëtter ofgebilt waren. Déi Biller hunn him am Géigesaz zu de chrëschtleche Geeschter (Dämonen an Däiwel) keng Angscht gemaach a soumat ass säin Intressi un de Griichen a Réimer gewues.[2][3]

Politescht Engagement[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Veyne huet sech mat 21 Joer, also 1951, an der kommunistescher Partei ageschriwwen. Hien hat zesumme mat Kollegen e klenge Grupp opgestallt, dee sech "le Groupe Saint-Germain-des-Prés marxiste" oder "Groupe folklorique" genannt huet.

De Paul Veyne war awer keen iwwerzeeschte Kommunist. De Stalin an de Lenin hunn hien net w"eider begeeschtert. Hien ass Member vum PC ginn well hien geduecht hat, datt de Kommunismus eng Léisung géint Virurdeeler wier. Also géint de Krich, d'Ongläichheet an der Paie, géint de Rassismus, den Antisemitismus an d'Ongläicheet vun der Fra. Et sinn déi Idealer, déi hien dozou bruecht hunn, sech an der kommunistescher Partei anzeschreiwen[2]. D'Intentioun vun der Partei war dem Paul Veyne no och gutt, mä den Historiker war guer net mat der Sowjetunioun averstanen a soubal d'Sowjets 1956 zu Budapest militärech intervenéiert sinn, huet de Paul Veyne d'Partei verlooss. Spéiderhin erkläert hie säi Bäitrëtt an der kommunistecher Partei als Feeler, deen hien a senger Jugend gemaach huet. 'Kommunist sinn' war dem Paul Veyne no net eng Saach vu Meenung, mä en Engagement deen een aktiv nogoen misst. Deen Aspekt huet hien dann dozou bruecht, d'kommunistesch Partei ze verloossen. Hie gëtt awer un datt hien ëmmer a sengem Liewe lénks gewielt huet mat Ausnam vun enger eenzeger Kéier. Hie selwer bezeechent sech net méi als Kommunist mä einfach als lénks orientéierten Anti-Kommunist.[3]

Während dem Krich an Algerien huet sech de Paul Veyne aktiv agesat. Hie war Member vun der F.L.N. a war zoustänneg fir de Passage vun den Algerier op der Grenz. Hie selwer considéréiert sech als "miltant de base". Hie war also keen aktiven Zaldot am Krich[2].

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Veyne erlieft den Zweete Weltkrich, mä schwätzt net vill driwwer. Sécher ass awer datt deen Evenement fir hien net grausam war: "J’ai vécu une guerre mondiale sans plaies ni bosses"[2]. Kuerz nom Enn vum Zweete Weltkrich huet de Paul Veyne sech fir de Concours vun der Ecole normale preparéiert. 1951 gouf hien ugeholla studéiert do déi réimesch Geschicht. Säin Ziel war d'École française zu Roum. 1955 gouf hien do ugeholl, an e konnt do seng Recherchë verdéiwen. No de 'réimesche Joren' gouf de Paul Veyne Assisstent fir Al Geschicht op der Sorbonne. 1960, also mat 30 Joer, gouf de Paul Veyne Professer op der Universitéit vun Aix-en-Provence, a koum sou erëm a seng Heemecht zréck. Als Professer huet hie Latäin enseignéiert an Artikelen iwwer déi griichesch a réimesch Geschicht a wëssenschaftleche Revuë publizéiert. Mat 40 Joer huet hie säin éischt Buch iwwer d'Manéier wéi een d'Geschicht schreift, publizéiert. Dat Buch ass beim Raymond Aron gutt ukomm, an de Paul Veyne an de Raymond Aron goufe Frënn mateneen. Den Aron huet dann och méi spéit dem Veyne seng Kandidatur fir de Collège de France ënnerstëtzt. De Paul Veyne huet bei de Seminaire vum Raymond Aron iwwer d'Soziologie assistéiert. Hie beschreift seng Relatioun mam Aron sou, datt hien den Aron respektéiert huet, mä sech gläichzäiteg och onwuel gefillt hätt, well den Aron net gären iwwer verschidden Themen discutéiere géif, stur wier an ëmmer bei senger Meenung bléif. Dëst hätt dozou gefouert, datt de Paul Veyne an de Raymond Aron sech mat der Zäit net méi gutt verstanen hunn[2].

Am Collège de France ass de Paul Veyne engem ale Frënd, dem Michel Foucault begéint. Si hu sech gutt matenee verstanen, an den Doud vum Foucault 1984 huet hien déif getraff.

Als Professer am Collège de France ass et ganz aneschters wei an enger normaler Universitéit. Nom Paul Veyne ass d'Altersmoyenne vum Plenum ongeféier 50 Joer an et séitzen och vill Kollegen a Spezialisten dran. De Paul Veyne vergläicht de Professesch-Beruff mat deem vun engem Komiker an engem Komponist fir Film-Musek: Komiker, well de Publikum och kënnt, well hien interesséiert ass an net well hie muss, wéi an enger normaler Schoul; a Komponist fir Film-Musek, well d'Virliesunge sech ëmmer ännere mussen an een ëmmer eppes Neies ze presentéieren hätt.[2]

D'Geschichtswëssenschaft nom Paul Veyne[änneren | Quelltext änneren]

1970 huet de Paul Veyne säin éischt Buch erausbruecht mam Titel Comment on écrit l'histoire: essai d'épisémologie. Et ass dat Buch wat de Raymond Aron dozou bruecht huet, dem Paul Veyne seng Kandidatur fir de Collège de France ze proposéieren. De Sujet vum Buch ass, wéi den Titel et scho seet, d'Geschichtsschreiwung. De Paul Veyne beschäftegt sech hei mat zwee Themen: op der enger Säit mat der Kausalitéit an der Geschicht an op der anerer mam Problem vun der historescher Erklärung, also wéi een d'Geschicht erkläre kann.

Nom Veyne ass d'Geschicht selwer keng Wëssenschaft wéi d'Biologie oder d'Physik. D'Geschicht determinéiert keng Fakten. D'Geschicht selwer hänkt vun dräi Typen vu Kausalitéit of. Als éischt d'materiell Ursaach (déi objektiv Konditiounen), als zweet den Zoufall (Occasiounen a kleng Ursaachen) an als drëtten Typ vu Kausalitéit déi final Ursaach. D'Geschicht ass awer keng Opdeelung vun Ursaachen. D'Geschicht selwer ass monolitesch a vermëscht soumat déi dräi Kausalitéiten ënnereneen. Hien vergläicht d'Geschicht mat den Naturwëssenschaften a kënnt zur Conclusioun datt d'Geschicht, am Géigesaz zu der Chimie oder Physik, keng Gesetzer ervirbréngt. Dat wat d'Geschicht erfollegräich bidde kann, sinn nei Handlungen déi zu verschiddenen Interpretatiounen vun Evenementer féiere kënnen. D'Handlung ass dann nom Paul Veyne eng Mëschung tëscht den dräi Kausalitéitsbegrëffer déi zu engem Evenement féiert. Ouni Handlung keng Evenementer. En Evenement ass also net nëmmen eng Saach déi geschitt ass, en Evenement kann een erklären an och aneschters ugoen sou datt ee méi Versiounen vun engem eenzegen Evenement huet[2].

Dat weist eben, datt d'Geschicht net just eng Wourecht besëtzt, mä hirer méi. D'Aufgab vum Historiker ass, sech mat den Handlungen ze beschäftegen. Seng Aarbecht besteet doran, de Verlaf vun den Handlungen ze weisen an z'erläuteren. De Paul Veyne mécht den Ënnerscheed an dësem Wierk tëscht "expliquer" an "expliciter". „Expliquer“ wier nom Paul Veyne näischt soen an ass gläichgestallt mat enger simpler Beschreiwung vun Evenementer. Méi prezis ass d'Wuert "expliciter", wat méi déifsënneg ass wéi eng Erklärung. Den Historiker muss also méi maachen wéi eng einfach Erklärung oofginn. D'Geschicht erkläert sech net mat enger grousser Ursaach wéi de Klassekampf. Nom Paul Veyne weist d'Geschicht kee Progrès un. Et sinn déi kleng Kausalitéiten déi dofir zoustänneg sinn, verschidden Evenementer, zoufälleg an ouni Plang, ze declenchéieren. D'Geschicht kann awer keng global Conclusioune schléissen unhand vu klengen Ursaachen. De Paul Veyne vergläicht d'Geschicht mat der Meteorologie. Hie behaapt datt e Meteorolog soe ka wéi d'Wierder an den nächsten Deeg wäert sinn, mä sécher ass et net well d'Bewegung vun de Moleküllen onberechenbar ass. De Meteorolog weess datt sech d'Molekülle bewegen, mä d'global Bewegung bleift onberechenbar. An sou ass et och mat der Geschicht. Déi kleng Ursaache weisen net op eng global Schlussfolgerung hin. Den Historiker kann d'Evenementer duerch d'Ursaachen an d'Handlungen net viraussoen[2].

"L'histoire n'est pas un déterminisme atomique: elle se déroule dans notre monde, où effectivement une guerre mondiale a plus d'importance qu'un concert de klaxon […]"[4].

D'Geschicht selwer hänkt natierlech och vum Mënsch of, méi genee vum Historiker, dee sech domat beschäftegt. Den Historiker mécht e Choix an decidéiert soumat wat fir Handlungen fir hie wichteg sinn a wat fir net. Soumat ass d'Geschicht selwer eng subjektiv Wëssenschaft, déi am Géigesaz zu den Naturwëssenschafte vun der Natur vum Mensch ofhänkt. Idealer, politesch Richtungen an d'Relioun beaflossen domat d'Schreifweis vum Historiker.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierker vum Paul Veyne si ganz kritesch an der moderner Geschichtsschreiwung ugepasst. Hien ass influenzéiert gi vum Friedrich Nietzsche, vum Soziolog Max Weber a sengem gudde Frënd Michel Foucault. Seng Wierker sinn och staark philosophesch opgebaut a weisen drophin datt de Paul Veyne sech net nëmme mat Geschicht beschäftegt huet mä datt hien u ville Fächer intresséiert war.

Säin éischt Buch "Comment on écrit l'histoire" ass vum Guy Bourdé an Hervé Martin kommentéiert ginn. Si schreiwen, datt de Paul Veyne mat sengem Wierk en theoretescht Lach an der Geschichtsschreiwung gefëllt huet, déi bis zu där Zäit vum Marxisteche Modell beherrscht war. Säi Wierk mam Titel "Le quotidien et l'intéressant" ass eng Autobiographie an där hien an engem Interview mat der Catherine Darbo-Peschanski iwwer säi Liewen a seng Wierker erzielt.

  • 1970 : Comment on écrit l'histoire: essai d'épistémologie. Seuil, Paris
  • 1976 : Le Pain et le Cirque. Sociologie historique d'un pluralisme politique. Seuil, Paris
  • 1976 : L'inventaire des différences. Leçon inaugurale au Collège de France. Seuil, Paris
  • 1983 : L'élégie érotique romaine. L'amour, la poésie et l'Occident. Seuil, Paris
  • 1983 : Les Grecs ont-ils cru à leurs mythes. Essai sur l'imagination constituante. Seuil Paris
  • 1990 : René Char en ses poèmes. Gallimard, Paris
  • 1991 : La société romaine. Seuil, Paris
  • 1995 : Le Quotidien et l'intéressant. Entretiens avec Catherine Darbo-Peschanski. Ed. Les Belles Lettres, Paris
  • 2005 : Sexe et pouvoir à Rome. Ed. Tallandier, Paris
  • 2005 : L'Empire gréco-romain. Seuil, Paris
  • 2007 : Quand notre monde est devenu chrétien. (312-394). Albin Michel, Paris
  • 2008 : Michel Foucault. Sa pensée, sa personne. Albin Michel, Paris
  • 2010 : Mon musée imaginaire, ou les chefs-d'œuvre de la peinture italienne. Albin Michel, Paris

Haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut wunnt de Paul Veyne zu Bédoin an der Vaucluse. Hie war zweemol bestuet, ass zweemol gescheet an ass Papp vun engem Jong.

Seng Passioune waren d'Gedichter vum René Char déi hien onbedingt wollt verstoen, wat net ëmmer de Fall war well se zimlech schwéier waren. Seng aner Passioun war den Alpinismus, och wann hie selwer a senger Autobiographie ugëtt, datt hie physesch fir dëse Sport net grad adaptéiert war. Hie war awer op de Mont Blanc geklommen, ass dunn awer eng Kéier zimlech geféierlech gefall an huet den Alpinismus duerno opginn.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. [1]
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 [Veyne, Paul. Le Quotidien et l'intéressant. Entretiens avec Catherine Darbo-Peschanski. Éd : Hachette Littérature. Paris 1995.],
  3. 3,0 3,1 [2]
  4. [Veyne, Paul. Comment on écrit l'histoire : essai d'épistémologie. Éd : du Seuil Paris 1970]