Paul Wegener

Vu Wikipedia
Paul Wegener
Gebuer 11. Dezember 1874
Gestuerwen 13. September 1948
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur
Paul Wegener als Nathan (1945)

De Paul Wegener war en däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur. Hie gouf den 11. Dezember 1874 zu Arnoldsdorf (Westpreisen), haut Jarantowice (Polen), gebuer, an ass den 13. September 1948 zu Berlin gestuerwen.

Hie war dat jéngst vun de fënnef Kanner vum Textil-Fabrikant Otto Wegener a senger Fra, der Anno Wolff.

No sengem Abitur, 1894, studéiert de Wegener Droit, fir d'éischt zu Freiburg (Breisgau) dann zu Leipzig.

1912 fänkt de Wegener un, sech mam Film ze beschäftegen. Fir déi däitsch Bioscop entwéckelt hie mam Hanns Heinz Ewers an dem Kameramann Guido Seeber d'Dréibuch fir den Der Student von Prag, deen an de Studioe vun der Bioscop zu Babelsberg an zu Prag gedréit gouf. De Regisseur war den Dän Stellan Rye. De Film gëtt e risege Succès, an et ass mam Max Mack sengem Der Andere dat éischt Konschtwierk vum Däitsche Film.

De Paul Wegener huet a méi wéi 60 Filmer als Schauspiller matgewierkt, an huet a 19 Filmer Regie gefouert.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Wegener – Biller, Videoen oder Audiodateien