Paul Wild

Vu Wikipedia
Paul Wild
Gebuer 5. Oktober 1925
Gestuerwen 2. Juli 2014
Bern
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun ETH Zürich,
Universitéit Zürich
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Paul Wild, gebuer de 5. Oktober 1925 zu Wädenswil, a gestuerwen den 2. Juli 2014 zu Wabern bei Bern[1], war e Schwäizer Astronom, dee jorelaang als Professer - vun 1980 bis 1991 als Direkter vum Astronomeschen Institut - op der Universitéit Bern geschafft huet. Ausserdeem war hien Dokter vun der Philosophie an Naturwëssenschaft souwéi President vun der Fritz-Zwicky-Stëftung.

Am Zimmerwald-Observatoire bei Bern huet de Wild am Laf vu senger Karriär 94 Asteroiden, entdeckt, dorënner och e puer äerdno Asteroiden, a siwe Koméiten. Seng wichtegst Entdeckung ass de periodesche Koméit Wild 2 (offiziell Bezeechnung: 81P/Wild), deen de Wild de 6. Januar 1978 als Éischte gesinn huet. Dee Koméit gouf vun der NASA als Zil fir d'Stardust-Missioun ausgewielt. D'Raumsond huet virun allem Stëbspartikele vum Koméit agefaangen an op d'Äerd zeréckbruecht.

D'Raumsond ass de 15. Januar 2006 op d'Äerd zeréckkomm.

Den Asteroid (1941) Wild gouf no him genannt.

An Australien dréit den Observatoire wou den Australia Telescope Compact Array steet säin Numm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Wild – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Simon Gsteiger: Ein Stern ist erloschen, Der Bund, 30. Juli 2014.