Paul William Hodge

Vu Wikipedia
Paul William Hodge
Gebuer 8. November 1934
Seattle
Gestuerwen 10. November 2019
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Yale Universitéit
Aktivitéit Astronom

De Paul William Hodge, gebuer am Joer 1934 zu Washington, D.C. ass en US-amerikaneschen Astronom.

Den Hodge hat Physik op der Yale Universitéit geléiert a krut säin Doktortitel an Astronomie op der Harvard Universitéit. Zesumme mam George Wallerstein huet en 1965 d'Astronomiedepartement vun der University of Washington gegrënnt wou hie Professer ass. Vun 1984 bis 2004 war hien och Editeur vum Astronomical Journal.

Seng jéngst Fuerschunge konzentréiere sech op d'Eegeschafte vun der Stäregebuert an noe Galaxien inklusiv der Andromedagalaxie. Bei sengen Ënnersich vun der Barnard Galaxie, déi 1977 publizéiert goufen, hat hie 16 H-II-Regiounen identifizéiert. No him ginn déi als Hodge 1 bis Hodge 16 bezeechent.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • The Large Magellanic Cloud (mam F. Wright), Smithsonian Institution Press, 1965
  • Solar System Astrophysics (mam J. Brandt), Freeman, 1965
  • Galaxies and Cosmology, McGraw-Hill, 1966
  • Concepts of the Universe, McGraw-Hill, 1969
  • The Revolution in Astronomy, Holiday House, 1970
  • Concepts of Contemporary Astronomy, McGraw-Hill, 1974
  • The Universe of Galaxies (Editor), Scientific American, 1974
  • The Small Magellanic Cloud (mam F. Wright), University of Washington Press, 1977
  • Atlas of the Andromeda Galaxy, University of Washington Press, 1981
  • Interplanetary Dust, Gordon and Breach, 1984
  • Galaxies, Harvard University Press, 1986
  • The Andromeda Galaxy, Kluwer Academic Publishers, 1992
  • Meteorite Craters and Impact Structures of the Earth, Cambridge University Press, 1994
  • Higher Than Everest, Cambridge University Press, 2001
  • An Atlas of Local Group Galaxies (mam B. Skelton a J. Ashizawa), Springer Verlag, 2002
  • Galaxies and the Cosmic Frontier (mam W. Waller), Harvard University Press, 2003
  • The Spiral Galaxy M33, Springer Verlag, 2012

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie