Pavo (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Pavo
Lëtzebuergeschen Numm Pohunn
Laténgeschen Numm Pavo
Laténgesche Geenitiv Pavonis
Laténgesch Ofkierzung Pav
Rektaszensioun 17h 40m bis 21h 32m
Deklinatioun -74° 58' bis -56° 35'
Fläch 378 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 15° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Pavonis
1,94m
Meteorstréim Delta-Pavoniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Telescopium
Ara
Apus
Octans
Indus
Kaarte vum Stärebild Pavo

De Pohunn (latäin Pavo) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Pavo ass kee markant Stärebild. Et läit westlech vum Triangulum Australe. Den Haaptstär α Pavonis ass mat
1,94m opfälleg hell. Déi aner Stäre gehéieren zu der 3. a 4. Gréissteklass.

Am Pavo steet den opfällege Kugelstärekoup NGC 6752.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Pavo gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vum hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser an dem Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet si iwwerholl an am Joer 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria agedroen.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Peacock 1,94m 183 B2 IV
β 3,42m 138 A5 IV
δ 3,55m 20 G5 IV
η 3,61m 371 K1 III
κ 3,91m 544 F2 Ib-II
ε 3,97m 106 A0 V
ζ 4,01m 210 K2 III
γ 4,21m 30 F6 V
λ 4,22m 1812 B2 II-III
π 4,33m 139 Am
ξ 4,35m 420 M1 III SB
ν 4,63m 479 B8 III
NU 4,63m 479 B8 III
φ1 4,75m 90 F1 III
HR 7012 4,78m 95 A7 V
ρ 4,86m 195 Fm
ο 5,06m 889 M2 III
φ2 5,11m 79 F8 V
ω 5,14m 516 K1 III-IV
υ 5,14m 841 B8 Vvar
HR 7587 5,24m 302 B9.5 IV
HR 7221 5,31m 120 G8 / K0 III/IV
μ2 5,32m 235 K2 IV CN
SX 5,34m 396 M5 III
HR 7498 5,39m 135 A4 III
σ 5,41m 305 K0 III
HR 7531 5,41m 260 A0 IV
ι 5,47m 58 G0 V

Den α Pavonis (och Peacock (engl. Pohunn) genannt) läit op enger Distanz vun 183 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e bloe Stär mat der Spektralklass B2 IV. Hien huet déi véierfach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
λ 3,4 bis 4,3m Onreegelméisseg Verännerlechen
κ 3,9 bis 4,7m 9,092 Deeg Cepheide
R 7 bis 14m 230 Deeg Mira-Stär
T 7 bis 14m 244 Deeg Mira-Stär

Den λ Pavonis läit op enger Distanz vun 1812 Liichtjoer. Et ass e verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech ouni erkennbar Reegelméissegkeet verännert.

Den κ Pavonis ass e Verännerlechen a läit 544 Liichtjoer vun eis ewech. Hien ass vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet ännert sech reegelméisseg wärend engem Zäitraum vun ronn 9 Deeg.

Den R an den T Pavonis si Verännerlecher vum Typ Mira. Hir Hellegkeet ännert sech ganz staark iwwer Zäitraim vun 230 an 244 Deeg.

Niwweleg Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC aner Gréisst Typ Numm
6744 8,4m Galaxis
6752 10,5m Kugelstärekoup

Den NGC 6744 ass eng Galaxis op enger Distanz vun 25 Millioune Liichtjoer. Hien huet androcksvoll Spiralstrukturen.

Den NGC 6752 läit 18.000 Liichtjoer ewech an ass e Kugelstärekoup. Et ass dee véierthellste Kugelstärekoup um Nuetshimmel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pavo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien